Little Shakespeare
de neien Holzwuerm Musical 2007
Den Thema vum Molconcours 2007 ass „Shakespeare“
All Kand, dat e Bild ofgëtt, kritt e Cadeau.
De Gewënner kritt ee schéine Präis a säi Bild kënnt op d'Plakat.
Gitt äert Bild w.e.gl. bis den 2.3.2007 beim Roland Meyer an der Klass 6A of oder mailt et bei den Holzwuerm!
Nu stellt iech nëmme vir, dir gingt an eng Schoul goen, wou alles tiptop ass: wou dir déi Saache léiert, déi dir wëllt léieren, wou dir dat kënnt machen, wat dir wëllt maachen a wou dat alles Spaass a Freed mécht an dir keen Dag d'Flemm hutt, fir dohinner ze goen.
Dat wir flott!
Wéi? Dir mengt esou eng Schoul ging et net ginn?
Ma sécher gëtt et déi !
Dat ass dem Michelle seng Theaterschoul, an hatt ka sech net virstellen, an eng aner ze goen, wëll hatt léiert hei alles, wat hatt interesséiert...
Just elo gëtt et zwee grouss Problemer: die klenge Leonardo, säi grousse Kolleg, soll vun der Theaterschoul fléien, wëll hien den Examen net gepackt huet, an déi zwee geféierlech Gangsteren Jim an Jo sinn an dem Direkter Viez van der Bommel säi Büro agebrach an hunn d'Keess geklaut.
Wéi déi kleng Shakespearen dës ongemeng komplizéiert Situatioun meeschteren, gitt dir am neien Holzwuerm-Musical "Little Shakespeare" gewuer… an nach villes méi iwwer Frëndschaft a Näid, Chance an Ongléck, an iwwer de Shakespeare, die groussen engleschen Geschichteverzieler.