An Zesemmenaarbécht mat:
Islek ohne Grenzen Ewiv
Sispolo
APEPH
LEADER Clervaux-Vianden
Ministère de l'Education Nationale
Little Shakespeare
de neien Holzwuerm Musical 2007
geschriwwe vum Roland Meyer
zu Housen am Centre Culturel
Fir d'Schoulen:
18.5.: 9.00 Auer an 14.15 Auer
21.5.: 9.00 Auer
22.5.: 9.00 Auer
23.5.: 9.00 Auer an 14.15 Auer
24.5.: 9.00 Auer
Fir jiddereen:
19.5.: 19.30 Auer
Nu stellt iech nëmme vir, dir gingt an eng Schoul goen, wou alles tiptop ass: wou dir déi Saache léiert, déi dir wëllt léieren, wou dir dat kënnt machen, wat dir wëllt maachen a wou dat alles Spaass a Freed mécht an dir keen Dag d'Flemm hutt, fir dohinner ze goen.
Dat wir flott!
Wéi? Dir mengt esou eng Schoul ging et net ginn?
Ma sécher gëtt et déi !
Dat ass dem Michelle seng Theaterschoul, an hatt ka sech net virstellen, an eng aner ze goen, wëll hatt léiert hei alles, wat hatt interesséiert...
Just elo gëtt et zwee grouss Problemer: die klenge Leonardo, säi grousse Kolleg, soll vun der Theaterschoul fléien, wëll hien den Examen net gepackt huet, an déi zwee geféierlech Gangsteren Jim an Jo sinn an dem Direkter Viez van der Bommel säi Büro agebrach an hunn d'Keess geklaut.
Wéi déi kleng Shakespearen dës ongemeng komplizéiert Situatioun meeschteren, gitt dir am neien Holzwuerm-Musical “Little Shakespeare” gewuer… an nach villes méi iwwer Frëndschaft a Näid, Chance an Ongléck, an iwwer de Shakespeare, die groussen engleschen Geschichteverzieler.