Dem Kinék säi Gaart




An Zesummenaarbecht mat "Jardins à suivre ..." an dem SISPOLO (Schoulsyndicat vum der Zentralschoul Park Housen) huet de Kannertheatergrupp "Den Holzwuerm" dem Roland Meyer säi Musical "Dem Kinék säi Gaart" präsentéiert.


Grousse Fotoreportage



E puer Fotoen, déi eis un d'Häerz gewues sinn


"Dem Kinék säi Gaart" ass e Musical fir Kanner vu Kanner gespillt: Am Mëttelalter trëtt e Grupp vu Spillleit beim Kinék Kohiba vun Antagonien um Haff op. Den Optrëtt gefällt dem Kinék esou gutt, datt hien d'Spillleit em Hellëf freet: Säi wonnerbare Gaart as am Gaang ze verkommen! Bis elo hun sech d'Gardekobolden em de Gaart gekëmmert, mee ëmmer méi dier Gaardekobolde verschwannen op geheimnisvoll Art a Weis. Zu allem Ongléck belauschteren och nach dem Kinék séng Géigner dëst Gespréich a beschléissen d'Spillleit net méi aus den Aen ze loossen...
An désem Stéck geet et no dem Spass an dem Amusement déi d'Nokuckerten sollen hun och em d'Wiesselspill zwësche Mënsch a Natur. De Mënsch huet et am Joer 2000 an der Hand, séng Emwelt, am Stéck duerch dem Kinék säi Gaart symboliséiert, ze retten, oder verkommen ze loossen. D'Kanner erkennen déi grouss Zesummenhäng an der Natur a gesinn, datt dem Mënsch säin Handelen, och wann et net express geschitt, kann eng Gefor fir d'Gläichgewiicht zwësche Mënsch a Natur duerstellen.

Am Stéck hun 28 Kanner aus dem Uewergrad vun der Housener Zenralschoul matgespillt. Doriwwer eraus ware nach e ganze Koup Erwuessener aus der Schoul a vun Auswärz un der Produktioun bedeelegt: Pierre Turpel: Regie, Organisatioun, Dekoren, Technik; Martine Conzemius: Regie; Ronny Mergen: Gesang, Fotoen, Noutesaz, Technik; Bruna Meyer: Organisatioun; Coby Ootemanns: Maquillage, Organisatioun; Eddy Vigne: Choreographie; Nadine Weber-Zangarini: Zirkus; Daniel Meyer: Tountechnik; Irène Dichter-Zeimes: Gesang; Thierry Mersch: Gesang; Patrik Dichter: Dekoratioun; Sylvie Bourg: Kostümer, Marechen Carrier: Kostümer an de Roland Meyer: Text, Musik, Regie, Technik, Dekoren an d' Produktioun vum ganze Stéck.

E Musical vun dëser Gréistenuerdnung konnt net ouni finanziell Ënnerstëtznung opgefouert ginn: een Deel vun de Mëttelen koum vu "Jardins à suivre...", deen aneren aus der Kees vum SISPOLO. Bei deene 5 Opféierungen ware net manner wéi 1750 interesséiert Nokuckerten am Centre Culturel zu Housen. Bei de Kannervirstellungen waren 1426 Schüler aus de Nopeschschoulen, iewer och bis op Ierpeldéng, Ettelbréck a bis an d'Staadt ugemëlt.

Textextrait


Gespillt gouf:
Méindes, de 26.6.2000
Mëttwochs, den 28.6.2000
Freides, den 30.6.2000
um 14.15 Auer
zu Housen am Centre Culturel

Freides, den 30.6.2000
um 19.30 Auer
zu Housen am Centre Culturel
mat Virstellung vum Roland Meyer séngem Buch:

Eng Foto vum (Klëppel)Krich