Dem Kinék säi Gaart
1.Szen:
Wou d‘Spillleit ënnerwee bei dem Kinék Kohiba säi Palast sinn, an zwee Friemer hinne roden, emzedréien.
Iwwert eng Landstrooss zitt eng Equipe Spillleit an d‘Staadt Mandrawi, do wou dem Kinék Kohiba vun Antagonien säi Palast steet. Ennerwee begéinen hinnen zwee Leit, déi op Rollerskates aus der Staadt kommen.
M1: Ah, Spillleit sinn ënnerwee! Da gëtt eis d‘Zäit elo net méi laang! Allezhopp, weist är Konschten.
M2: Dajee, net esou laang waarden, oder kënnt dir keng Konschten?
Si fuere ronderem d‘Spillleit.
Michel: Et deet eis leed, mir hunn elo keng Zäit. Mir sinn um Wee an d‘Staadt Mandrawi fir bei de Kinék Kohiba vun Antagonien.
M2: Dach net um Wee fir bei dee Kinék !
M1: De Kinék Kohiba vun Antagonien?
M2: An d‘Staadt Mandrawi?
Michel: Hutt dir dann hei méi wéi ee Kinék? Ech hunn ëmmer gemengt, jidder Land hätt nëmmen een.
M1: An der Staadt Mandrawi gëtt et nëmmen ee Kinék. An dat ass de Kinék Kohiba vun Antagonien!
M2: Nëmmen dir kënnt direkt nees emdréien!
Zafira: Mir sinn elo schons iwwer dräi Deeg ënnerwee fir un den Haff vum Kinék Kohiba vun Antagonien ze kommen. Mir hunn héieren, hie wir ee vun deenen dichtechste Kinéke wäit a breet.
Michel: An een vu deene räichsten...
Mamm: Hie soll an engem Palast liewen, esou grouss wéi e Fussballsterrain an esou héich wéi den Eifeltuerm. Hie soll aus gëldene Becheren drénken, a sech owes mat seidene Lëllecher zudecken.
Papp: An da soll en dee schéinste Gaart vu ganz Antagonien hunn, mat exotesche Planzen, wéi een se jhust an Asien an an Afrika fënd. Dëse Gaart ass berühmt uechter d‘ganz Welt, a vun iwwerall kommen d‘Leit erbäi, fir de Gaart ze bewonneren.
Michel: A säi Meedche soll déi schéinste Prinzessin vum ganzen Äerdball sinn.
M2: Dréit em, a fuert nees heem!
D‘Spillleit wëllen eppes soen.
All d‘Spilleit: Ma, mir...
M1: Et huet kee Wäert, dréit em, a fuert nees heem!
An deem Moment, kënnt de Knupperdulles, dee stäerkste vun de Spillleit, an hëllt den M2 mam Schlawittchen.
Knupperdulles: Ma da bleiw elo emol roueg stoen, du Méckeschass! Entweder sees du eis elo op der Plaz, virwat mir emdréie sollen, oder ech dréien dech em, a rennen dech mam Kapp no vir an de Buedem!
Michel: Knupperdulles, looss dee Mann lass, du bréngs e jo nach em!
Knupperdulles: Ech loossen deen elo gewass lass. Hie brauch eis keen esou ee Kabes ze verzielen, dee kee Mensch versteet.
Michel: Wann deen aarme Mann elo net an zwou Sekonnen nees do steet, wéi e virdrun do stung, da wäers du mech emol kenneléieren.
Knupperdulles: Ech loossen e lass, wann hien eis verzielt , virwat mir emdréie sollen. D‘accord, Michel?
Michel: D‘accord, Knupperdulles!
De Knupperdulles léisst de Mann erof, an hien an de Michel klappen sech wéi beim Basket an d‘Hänn. Iwerdeems lafen déi zwee Männer fort.
Knupperdulles: Do, elo si se fort!
Michel: Nondikass, Knupperdulles, konns du net oppassen?
Knupperdulles: Wien huet da gesot, ech sollt en erofloossen? Du wäers dach net wëlle behaapten, et wir méng Schold, datt déi zwee eis entwëscht sinn?
Michel: A wiem séng da soss! Häss du besser opgepasst, wiren se elo nach do!
Knupperdulles: Michel, so dat do nach eng Kéier, da gëtt et eng op d‘Ouer!
De Michel spréngt op de Knupperdulles, an déi zwee fänken u mat rollzen.
Zafira: O nee, haalt op mat streiden, kuckt nëmmen do!
Musék
Mamm: Dat ass de Palast vu Mandrawi, dem Kinék Kohiba vun Antagonien säi Wierk.
De Rido geet op a mir gesinn de Palast. Zaldote patrulléieren op an of, Leit spazéieren am Haff, Kanner spillen a jonk Fraen danzen. E Liebespaar kusst sech!
|
|