Den Holzwuerm mëcht och Zirkus!
Programm 1999
|
Hei begréisst den Zikusdirekter all d'Nokuckerten, a weist hinnen, si solle gutt oppassen. |
|
A scho geet et lass! Am Schäin vun de Luuchten loossen d'Artisten hier Bäll, Telleren, Keelen a Refer kresen.
|
|
|
Emol am Mound, kënnt aus der Zirkusschoul aus der Staadt eis Zirkusjoffer op Housen an der Wëldpark. Si heescht Nadine Weber-Zangarini, an si huet eis all eis Konschte geléiert.
|
|
An der Woch kënne mir dann all eist Zirkusgeschier beim Här Meyer an der Klass ausléinen an doheem an aller Rouh trainéieren. Nëmmen esou kann een et am Zirkus zu eppes brëngen.
|
|
|
Hei léiere mir eis ganz gutt op eng Saach ze konzentréieren, an eise Kierper ze beherrschen. Mir mussen och laang un enger Saach bleiwen, wëll soss kann een et nie! Et muss een dru bleiwen!
|
|
Mir léieren iewer och e ganze Koup Motorik! An dat wichtegst bei deem Ganzen: et mëcht immens Spass an et ass super flott!
|
|
|
Mee och Clownen trieden an eisem Zirkus op! Si sin d'Salz an der Zopp, a brëngen d'Nokuckerten esou richteg zum Laachen! Wann all déi eenzel Nummeren trainéiert sin, da maache mir aus allem wat mir kėnnen eng Zirkusshow!
|
Mir gi mat eise Konschten iewer och an aner Schoulen, fir deene Kanner ze weisen, wéi een kann Zirkus man.
Esou probéiere mir, och an anere Schoulen d'Kanner an hier Jofferen a Schoulmeeschteren op den Zirkusgeschmaach ze bréngen.
Hei ware mir mat der ganzer Holzwuermequippe an d'Foussgängerzone op Ettelbréck. No e puer Ufanksproblemer gouf et zum Schluss iewer nach een totale Succès: mir hate bal 5000 Frang an der Kees!