Den Holzwuerm mecht och Zirkus:
Programm 2000!


Eise neien Zirkusprogramm ass super!

Vill Méi hu mir eis gemaach, fir Iech och dëst Joer nees e flotte Programm ze präsentéieren. Mir hoffen, e gefällt Iech grad esou gutt wéi eis!

Mat den dräi Bäll ze jongléieren ass d'Meeschterprüfung fir all richtegen Zirkusmann oder all richteg Zirkusfra. E ganze Koup Kanner aus dem Holzwuerm hun hier Prüfung bestanen!

Daniel: hues du de Mond zou?

Nee, wéi elegant!

Ier ee mat de Bäll jongléiere kann, muss ee fir d'éischt mat den Dicher träinéieren. Dat geet méi lues, a gesäit ganz elegant aus.


Fir mat de Keelen ze jongléieren, muss ee schons e richtege Meeschter sin. Dat verlaangt ganz vill Übung, Konzentratioun a Geschécklechkeet, wéi d'Danielle et hei weist.

Do staunt de Claude!

Mee den Teller ass dach eidel!

D'Jongléiere mat den Telleren mecht de Kanner vill Spass, wëll et net esou schwireg ass, an et iewer cool ausgesäit.


Bei de Clownen geet et ëmmer drënner an driwwer. Esouguer duerch d'Publikum gëtt gerannt. Wien sëch net zitt, gëtt naasgemaach.

Pass op! Mir kréien dech!

Aus Manhatten

Nei am 2000 Programm ass den Optrëtt vun der Diabologang. Den Diabolo ass net schwéier ze léieren, mee e mecht vill Spass. Besonnesch bei de Jugendlechen ass en am Moment e richtegt Kultspillgezei.


Lisi-Bisi

An eiser Zirkusshow gëtt och gedanzt, hei ass d'Lisi an Aktioun.


Claude a Pol

Hei déi wëll Reideren op hiere Pogoen: E Still mat enger Fieder drann, dien de Reider an d'Luucht jhummt.


An hei de Schluss vun all richteg Zirkusshow: D'ägyptesch Pyramid!

Grande Finale!

Op 1999