Tom Tortuga



De neie Musical vum Holzwuerm-Park Housen
Am Juni zu Maarnech am Cube 521



E Musical vu Kanner fir Kanner vu 4 bis 121 Joer, gespillt vun de Kanner vum “Holzwuerm”, geschriwwe vum Roland Meyer

Den Tom Tortuga ass dee klengste Piratekapitän vun der Welt. Hien huet net emol ee Schëff a seng Mannschaft besteet just aus engem agebildte Sekretär an engem verfroossene Kach. Hie wunnt op enger klitzeklenger, verluerener a verfluchter Insel ganz wäit dohannen um Enn vun de siwe Weltmieren.
A wéi den Tom bis gemengt hat, a sengem aarmséilege Liewen ging mat absoluter Sécherheet ni méi iergendeppes Interessantes an Opreegendes geschéien, grad an diem Abléck kommen die berühmten a gefaarten Piratekapitän Michel Kanounerouer an dien hannerhältegen Gouverneur Lafayette hien op seng butzeg Inselche besichen: an elo ginn dem Tom d'Aen op, wëll hien erkennt, datt nach laang net ëmmer alles esou ass, wéi et op dien éischte Bléck ausgesäit.



Virstellungen:
Méindes, de 14.6. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Dënschdes, de 15.6. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Mëttwochs, de 16.6. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Donneschdes, den 17.6. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Freides, den 18.6. moies um 9.00 Auer an owes um 19.30 Auer

all Kéier am Cube 521 zu Maarnech



ONLINE UMELDUNG

INFORMATIONEN UND RESERVATIONEN

oder um: 929598 240

Den Entrée ass fräi !






Den Holzwuerm an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Theaterschoul