|
|
Scène 8:
Ali: Wow, cool, zu Wampech kréie mer déi ganz Kostümmer!
Claudine: Hei kukk, de Professer war mat séngem Bopa op Wampech, a si hun all d’Kostümer matbruecht:
Professer: Den 3., 4. an 5. Juni 1998 gëtt zu Wampech e grousst Theaterstéck iwert de Klëppelkrich...
Michel: Jo Professer, ech wees, ech krut et jhust gesot.
Professer: Ma Michel, wouhir wees du dat dann?
Michel: Allez, dat spillt elo keng Roll méi, a do si Kostümer... Dajee, séier, mäi Fotoapparat as prett, fänkt iech e puer Modeller.
D‘Tornadoe lafe vun der Bühn, a bréngen e puer aner Kanner mat erop, déi sech schnell verkleede mussen. Et gëtt déi ganzen Zäit gehetzt. D’Foto gëtt gemaach, an d’Kanner gin erem vun der Bühn gejot.
Tornados: Dajee, dajee, da maacht virun, d’Bad Kids sin ënnerwee.
Knapps sin d’Kanner vun der Bühn, stin d’Bad Kids schon do mat hirer Geisel. D‘Tornadoe loossen sech näischt umierken.
|
|
| ZRÉCK | Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen? |