Scène 6:

Bei dese Wierder kommen d’Bad Kids eran, a stellen sech mat dem gefesselte Jengi virun den Tornadoen op.

Terminator: A, wéi schéin, dee ganze Kirchechouer beieneen.

Rex: Gëtt et eppes ze feieren, mir géife gär hëllefen.

Elise: Loosst dach de Jengi lass, dir dot em jo wéi.

Bad Boy: A Michel, hutt der scho gudd gesicht, no enger Foto vum Klëppelkrich. Ech gesin dir sidd jo zu genug. Nëmmen ech si sécher, och wann der zu enger Millioun wiert, da misst de Jengi nawell bei de Mupp.

Terminator: Wau wau wau!

Rex: Ahuuuu!

Bad Girl: An den aarme klenge Jengi, hie färt dach esou!

Michel: Wat as, sidd der presséiert. Emmerhin hu mir nach zwee Deg: An dir kënnt sëcher sin, datt mir se wärte notzen.

Bad Boy: Méngentweegen, da waarde mer nach zwee Deg. Schliisslech hate mer jo esou gewett. An da gett et flott!

Bad Girl: Jo, Virfreed as déi schéinste Freed.

Terminator: Gedu mäi Jong, hatt huet recht.

Rex: A wat mengt dir, wat de Bulldog sech eréischt freet.

Bad Boy: Dajee, bis mar, da komme mer erem luussen. Nëmmen ech soen et iech gläich, maacht iech keng falsch Hoffnungen, hahaha.

Ali: Pass op du klengen Zoossiswupp, den hei huet scho ganz anerer gepackt.

Den Ali wëllt sech op de Bad Boy stiirzen, an Tornadoe mussen hien zréckhalen. D’Bad Kids verloossen d’Bühn.

Claudine: Jo, elo wësse mer zwar vill iwert de Klëppelkrich, nëmme mir hun ëmmer nach keng Foto.

Michel: Dat mecht näischt, ech wees wéi mer de Problem léisen: Mir stellen einfach eng Foto no. Kommt mar em déi selwecht Zäit heihinner, da wärd dir gesin.

D‘Tornadoe verloossen d’Bühn. War de Michel nach ganz zouversichtlech virun e puer Minutten, esou muss en elo feststellen, datt eng Foto vum Klëppelkrich nozestellen och nach guer net esou einfach as.

Michel: Eng Foto nostellen. Och dat as einfach gesot. Nëmme wouhie soll ech dann d’Kostümmer kréien, an nach derzou esou schnell. Déi ganz Geschicht wiisst mir iwert de Kapp.

© Roland Meyer

ZRÉCK Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen?