|
|
Scène: 5
D‘Tornadoe kommen all op d’Buhn gestiirzt, a brëllen all zesummen:
Ali: Ei, wat war dat deemools e Gemetzels!
Elise: Se wollte net bei d’Arméi!
Zweelise: Zu Clierf hun se verluer!
Claudine: Zu Houschend sin se virun dene Lëppschter Kéi fortgelaf.
Michel: Da brëllt dach net all duercherneen! Allez esou komme mer net weider, een nom aneren. Professer, fänk du un.
Professer: Dir musst net alles gleewen, wat doriwer verzielt gett. Hei um Internet hun ech vun dem Consthumer 6.Schouljoer déi ganz Geschicht fond. Ech hu mir den Text erausgeprint, soll ech iech e virliesen?
Claudine: Ma Professer, wat waarts du dann esou laang?
Professer: Am Joer 1798 as et d’Lëtzebuerger Land nach iwerhaapt net gin. D’Leid déi hei gewunnt hun, hun zou Frankräich gehéiert. D’Fransousen hate grad hir Revolutioun hannert sech, an esou goufen et och bei eis an der Geigend eng Rei Ännerungen: gudder an och schlechter. Ennert dem Motto vun der Fräiheet, der Gläichheet an der Bridderlechkeet kann elo jiddereen séng Meenung soen a schreiwen.
Claudine: Zielen d’Gesetzer fir jiddereen d’selwecht, huet den Adel an d’Paschtéier keng Virrechter méi.
Ali: Muss jiddereen d’nemmlecht Steiere bezuelen.
Elise: Awer d’Leid sinn onzefridden, well se méi héich Steiere musse bezuelen wéi virun der Revolutioun.
Zweelise: Vill Paschtéier därfe keng Mass méi halen, well si den Eed net op d’Revolutioun ofleë wëllen.
Michel: Nëmmen, wéi dun och nach all Männer vun 20 bis 25 hu missen an d’franséisch Arméi goen, du koum et zum Opstand. Dat si jo och jhust grad déi Männer, déi am beschte schaffe kënnen, wann een si och elo nach an d’Arméi rifft, fort vun de Felder, da geet et hire Famillje jo nach méi schlecht.
Professer: Ganz genau! D’Baueren hun sech also zesummegedoen, opgestëppelt vun de Paschtéier, den Eisträicher an den Englänner, fir géint d’Fransousen ze zéihen.
Claudine: Nemme si hate vu virerann keng Chance, well si éischtens keng seriö Waffen haten, nëmme Klëppelen, Greefer, Gafelen, Séisselen an e puer Flënten.
Elise: Si haten och kee richtege Generol.
Michel: A se hate keng Taktik.
Ali: Esou huet et alt missen zum Gemetzels kommen:
Professer, Jo zu Arzfeld, hei an der Eifel an zu Clierf hun d’Fransousen zweemol géint d’Klëppelarméi gewonnen.
Zwelise: An du war schon no dräi Deg de Krich eriwer.
Ali: Nee, nee, dat Schéinst kënnt nach:
Professer: Zu Asselbuer hun e puer Baueren zwee Franséisch Polizisten erschoss. E vun den Täter war dee berühmte Schéifermisch vun Asselbuer:
Michel: Wien?....
Professer: De Schéifermisch vun Asselbuer. Grad wéi eng Parti aner Baueren as hie festgeholl gin an an der Staadt exekutéiert gin.
Claudine: Ma Michel, wat gess du dann esou bleech am Gesiicht?
Michel: Et as näischt: Ech hu nëmmen.... ech... ech hu missen un de Jengi denken. Si wärten hie jo nach net bei den Hond gespaart hun?
Ali: Ma da ging et iewer rabbelen!
|
|
| ZRÉCK | Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen? |