|
|
Scène 4:
Elo ass de Michel nach eleng op der Bühn, säin Äifer as ewéi fortgeblosen, hie léist de Kapp hänken. Hie wees ganz genau, datt en sech bei deer Wett iwerholl huet.
Michel: Eng Foto vum Klëppelkrich, jo, dat as séier gesot. Am Äifer, virun dem Claudine. Jo, do huet ee gutt schwätzen. Nëmmen de Professer huet recht, et as onméiglech eng Foto vum Klëppelkrich ze man. Den as jo zënter 200 Joer eriwer. Vun de Leid déi deemools geliewt hun, as kee méi Rescht. Ech hun am Beschten, mir de Kapp net méi doriwer ze zerbriechen.
Op ee Mool gëtt et ganz däischter op der Bühn, eng komesch Musik kënnt vu Wäitem, Niwwel fléisst aus dem Buedem a virun dem Misch taucht eng Gestallt aus dem Klëppelkrich op. Et as de Schéifermisch.
Michel: Wie bas du?
Schéifermisch: Ech sin de Michel Pintz vun Asselbuer, bei alle Leid als de Schéifermisch bekannt. Kenns du mech iere net?
Michel: Nee, esou e komesche wéi dech hun ech nach ni gesin. Vu wou kënns du, wat wëlls du hei?
Schéifermisch: Ech hun elo eng laang Rees hannert mer, dofir looss mech elo net laang schwätzen. Esouvill soll dir nëmme gesot sin. Ech war deemools, virun 200 Joer derbäi, wéi mir op d’Festung Lëtzebuerg zéi ewollten. Wat ware mir domm, d’Eisträicher an d’Englänner hun eis verzielt, si kéimen eis zu Hëllef. Mir wollten et de Fransouse weisen. Mee déi ware méi staark wéi mir, an esou hu mir hir Kurele gefriess. Wees de Michel, ech sin och kee Gudde gewiescht, ech hun zwee franséisch Zaldoten um Gewëssen. An dofir hun se mer honnert Joer méi spéit e Gedenksteen opgeriicht. Op ee Mool ware mir all Helden. Mee wou ech haut nach houfreg derfir sin, dat as well mer eis net ënnerkréie gelooss hun. An dat as och mäi Rot fir dech: looss dech net ennerkréien, gleew un déng Saach, wanns de wees datt se richteg as. Looss dech net vun dénge Geigner beandrocken, mee géi däi Wee. Och du bas staark, iwerlee iers de handels, net wéi mir, déi mir blannemännches an eisen Doud gelaf sin. An nach eppes, wann et keng Foto aus dem Klëppelkrich gëtt, dann erfann dach einfach eng... An elo Äddi, Michel, erfann eng Foto, looss dech net ennerkréien...
Domadder verschwënd de Schéifermisch an dem Niwwel, a lues a lues kënnt de Michel nees zou sech. Elo as him op eemol alles kloer.
Michel: Natiirlech, wann et keng Foto gëtt, da muss ech eng erfannen...., jo, da muss ech eng noostellen. Firwat sin ech net méi fréi dorop komm?
|
|
| ZRÉCK | Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen? |