Scène 3:

De Michel as eleng op der Bühn.

Michel: Esou,schnell e neie Film ageluecht, dat kann dach kee Problem sin, esou en armséilege Klëppelkrich ze fotograféieren. Elo gëtt schnell eng Foto gemaach, an dann as de Jengi fräi. An dono gëtt Gromperebulli mat Mettwurscht aus de Bad Kids gemaach.

Also... wat dat erem dauert. Wou bleiwen se nëmmen, se wëssen dach , datt mer keng Zäit ze verléieren hun...

No a no kommen all Tornadoen op d’Bühn.

Elise: Et meld sech Tornado 2, Elise, Zwillingsschwëster vum Tornado 1, Zwelise.

Zwelise: Et meld sech Tornado 1, Zwelise, Zwillingsschwëster vum Tornado 2, Elise.

Michel: Elo übe mer dat ewer scho Joerelaang, an dir kënnt iech nach emmer net éierbar virstellen.

Elise: Firwat muss ech dann iewer och als Elise Zweetornado sin?

Zwelise: An ech als Zwelise Entornado?

Michel: Ma sidd dach net esou kannerech. Äre Numm huet dach näischt mat eisem Codewuert ze din.

Dann Ali kënnt eragestiirmt.

Ali: Wou sin déi Säck? Ech haen se freckt.

Michel: Wat soll dat do, Ali, brauchs du dech net méi virzestellen?

Ali: Oh, pardon, Michel. Hei as den Tornado 3, Ali mat Numm. Esou, an elo schloe mer lass!

Michel: Mon di d’Jëft, da maach dach emol lues. Wou bleiwt nëmmen de Professer? Fir d’éischt musse mer wëssen, wat hie seet!

D’Claudine an de Professer kommen eran.

Claudine: Tornado 4, Claudine mat Numm as op der Plaz.

Professer: Tornado 5, Professer mat Numm as och op der Plaz.

Michel: Endlech. Also, d’Claudine huet iech jo sécher verzielt wéi et em de Jengi steet, an datt mer mussen eng Foto vum Klëppelkrich erbäischaaffen, fir en nees lasszekréien. Ech sin der Meenung, datt dat kee Problem dierft sin, a schloen dowéinst vir , de Professer fir d’éischt ze lauschteren, dee kann eis bestëmmt soen, wéi mir dat ma sollen.

Ali: Firwat op de Professer lauschteren. Mir brauche nëmmen dohinner ze goen, se lasszezéien, an de Jengi nees heemzebréngen.

Michel: Ali hal emol de Mond. De Risiko do as ze grouss. Professer da schwätz elo endlech!

Professer: Maja, léiw Tornadoen, ech si frou, datt der mech, de Professer em Rot frot.

Ali: Dajee, Professer, hal elo keng Rieden. So endlech datt mer se ugräife sollen.

Michel: Ali, elo nach eng Kéier, da gees de heem. De Problem as vill ze eescht, fir esou virzegoen.

Professer: Also ech mengen, datt de Problem nach vill méi eescht as, wéis du et gesäis, Michel. Dir hutt jo all schons vum Klëppelkrich héieren.

Alleguer wénken se mam Kapp.

Professer: Ma da wësst der jo alleguer, wat do geschidd war.

Alleguer rëselen se de Kapp.

Professer: Asou. dir hutt dat Wuert Klëppelkrich zwar schon all eng Kéier héieren, mee dir wëst iewer net wat et war!

Alleguer wénken se mam Kapp.

Professer: Tjo, da kënnt der net wëssen, datt de Klëppelkrich scho virun 200 Joer stattfond huet, an datt et du nach keng Fotoapparate goufen. Et goufen och nach keng Fernsehen an och nach keng Radioen. Et as also komplett onméiglech, eng Foto vum Klëppelkrich ze hun, well deemools sin et nach keng Fotoe gin.

Michel: Déi Knaschtsäck wousten dat elo, an dofir hun se déi Wett ugebueden.

Professer: Ganz genau, deer Meenung sin ech och. An dofir huet et och guer kee Wert, ze probéieren un esou eng Foto ze kommen, well et déi guer net gi kann.

Ali: Gesäis de Michel, et as ëmmer nach dat Bescht se widder d’Käpp ze rennen.

Michel: Professer, hues du der d’Saach gutt iwerluegt, bas du der sécher?

Professer: Michel, kanns du dir da nëtt virstellen, wéi et hei virun 200 Joer ausgesin huet. Et gouf emol kee Lëtzebuerg, wéi sollen se dann Fotoe gemaach hun?

Claudine: Michel, mir kënnen dach net einfach nogin. Si waarden dach nëmmen drop, de Jengi bei den Hond ze spären. Villäicht gëtt et dach eng Méiglechkeet.

Michel: D’Claudine huet recht. Eis Chance sin zwar geréng, mee wéinstens sollte mir et probéieren. Mir musse méi iwert de komesche Klëppelkrich gewuer gin. Nëmmen esou kënne mir eng Léisung fannen. Professer, wou gi mir eppes iwert de Klëppelkrich gewuer.

Professer: Ma ganz einfach , mir musse nofroen. Ali, géi du elo bei deen ale Jos, do hannen an der Kéier. Deen huet e ganzt Liewe näischt anescht gemaach wéi Bicher ze liesen. Dee muss dach eppes wëssen. Elise an Zwelise, dir gitt bei de Schoulmeeschter a frot no dem Schlëssel vun der Bibliothéik. Do misst der Bicher iwert de Klëppelkrich fannen. Claudine, du hues dach eng gutt Schnëss, fro du emol am Rescht vum Duerf no, villäicht wees nach een eppes. Ech gin op de Computer a surfen emol durch den Internet, do fënd een iwert all Dommheet eppes.

Michel: Maja, gesäis du, nach as de Mätsch hei net verluer. Mar em déi gläich Zäit treffe mer eis hei erem, an da wärten d’Bad Kids emol eppes erliewen. Bis mar, Tornadoen, loosst de Kapp net hänken. (All, ausser dem Michel, verschwannen se vun der Bühn.)

© Roland Meyer

ZRÉCK Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen?