Scène 2:

Gefesselt a geknebelt schleefen d’Bad Kids de Jengi op d’Bühn. Hie struewelt a wëllt sech befreien, mee si halen e gutt fest, et geléngt him net lasszekommen.

Terminator: Allez, Jengelchen, da schéck dech, soss soe mir et dénger Mama.

Michel + Claudine: Oh nee, d’Bad Kids.

Michel: Dir hutt eis elo grad nach gefeehlt.

Rex: Oh Claudine, spills de erem Claudia Schiffer mat déngem Starfotograf.

Terminator: Mee Rex, ech mengen do misst et iewer nach e bësse bäibauen.

Michel: Sabbelt net domm an der Gegend erem, loosst de Jengi fräi, hien as mäi Beleuchter.

Bad Girl: Ech laache mech doud.

Bad Boy: Mir sin net hei fir Witzen ze man. Mir deelen iech heimadder offiziell mat, datt mir de Jengi gekiddnappt hun, an datt mir e Léisegeld fir séng Fräiloossung verlaangen.

Claudine: So ech mengen, du hues zevill Fernseh gekukkt!

Bad Boy: Mir gin iech dräi Deg Zäit, wa mer bis dohinner kee Léisegeld gesin hun, da späre mir de Jengi bei den Bulldog, eisem Noper säi Bullterrier, an da kukke mir emol wéi de klenge Jengi do danze wärt.

Bei dëse Wierder zuckt de Jengi zesummen.

Claudine: Dat kënnt der dach net man, dir wësst dach ganz genau wéi de Jengi d’Hënn färt.

Terminator: Ma dofir maache mir et jo.

Rex: So Terminator, mir kënnte jo eise Starfotograf engajhéieren fir de Spaass festzehalen.

Terminator: Jo, Rex, ech gesin de Jengi schon hopsen a sprangen.

Rex: So Bad Boy, de Spaass do wärte mer eis net entgoe loossen.

Michel: Sot endlech, wéi e Léisegeld der verlaangt, datt de Jengi nees fräikënnt.

Bad Boy: Da maach emol e Virschlaag, du Null!

Michel: Ech gin der ... e Spill fir déng Playstation.

Bad Boy: Méchs du de Geck mat mir, dat geet net duer!

Michel: Déi nei CD vun de Spice Girls.

Bad Girl: Mir sin iewer net méi an der Spillschoul.

Claudine: Gëff hinnen déng Fotoen, déis du vu mir gemaach hues!

Michel: Gutt, ech gin iech méng ganz Fotosammlung.

Rex: Do kukken ech léiwer aner Biller...

Michel: Ech mengen, et geet deenen nëmmen drëm de Jengi ze péngechen. Déi wëllen iwerhaapt kee Léisegeld. Ma da sot dir emol, wat der gären hätt.

De Bad Boy zéckt e Moment, da laacht en hannerhälteg.

Bad Boy: Maja, Michel, du bass jo esou e grousse Fotograf, fir dass mir de Jengi fräiloossen, muss du eis eng Foto vum Klëppelkrich gin.

Claudine: Klëppelkrich? A wat as dat dann?

Terminator: Also, hutt der net verstan? Entweder eng Foto vum Klëppelkrich oder de Jengi danzt mam Bulldog.

Michel: Gutt, ech gin iech eng Foto vum Klëppelkrich. Mee da geschidd dem Jengi näischt. Dat as eis Wett, an un déi musst der iech halen.

Bad Boy: An dräi Deg hu mir eng Foto vum Klëppelkrich, soss geet de Jengi bei de Bulldog. Esou as d’Wett, a gëff mer elo deng Hand doropp.

Michel: Esou as d’Wett. Hei hues de méng Hand!

Rex: Mar komme mer kukken, wéi wäit dass de scho komm bas.

Terminator: Do hat de Bad Boy iewer eng cool Iddi, esou eng Foto kann et jo iwerhaapt net gin.

D’Bad Kids verschwanne vun der Bühn an huelen de Jengi mat.

Claudine: An elo?

Michel: Wat an elo? Näischt méi einfach wéi dat. Elo ma mir eng Foto vum Klëppelkrich an da kënnt de Jengi fräi. Mee mäi léiwe Jong, dono rabbelt et iewer. Da kréien déi Knaschterte vu Bad Kids der iewer emol richteg op d’Panz. Rache!!!

Claudine: So Michel, du bas der dénger Saach zimlech secher. Mee de Klëppelkrich, wat as dat iwerhaapt?

Michel : A wouhir soll ech dat wëssen? T as dach ganz egal. Géi ruff emol déi aner Tornados. Da kënne mer e Schlachtplan ausschaffen. Vergiess net de Professer, hie kann eis bestëmmt soen, wat dee Klëppelkrich as.

© Roland Meyer

ZRÉCK Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen?