Scène 1:

De Vorhang geet op, op der Bühn as de Michel am Gaang Fotoen vum Claudine ze maachen. Et herrscht d’Atmosfär vun engem Fotostudio: Haart modern Musik, Scheinwerfer, Blëtzer. Am Hannergrond as de Jengi domadder beschäftegt, d’Scheinwerferen ze riichten. D’Claudine poséiert virum Michel, deen him Uweisunge gëtt, wéi hatt sech behuele soll.

Michel: Jo, esou as et gutt!

Jengi: Scheinwerfer 2 un, 3 aus.

Michel: Dajee, Claudine, net esou schei!

Jengi: Scheinwerfer 3 un.

Michel: Jo, Claudine, e bëssen no vir. Nee, net esou domm laachen. Bleiw cool.

Jengi: Michel, du gëss eng Kéier grad esou e berühmte Fotograf ewéi de Steichen.

Michel: Claudine, wackel net esou doruechter, soss gëtt d’Bild net schaarf.

Jengi: Nee, Michel, a wéis du och mat dénge Modellen emgoe kanns.

Michel: Non di Kass, Claudine, elo kriss de gläich eng!

Jengi: Jo, Michel, esou as et richteg, streng iewer gerecht, Scheinwerfer 2 un.

Michel: Ma Claudine, net esou zappelech! An elo de Kapp e bëssen no hannen! Ne, iewer nach e bëssen no vir.

Elo kommen hannen op der Bühn de Bad Boy, d‘Bad Girl, den Terminator an de Rex eran. Iwerdeems wou de Michel an d’Claudine streiden, schläichen si sech bei de Jengi, paakken hie vun hannen, halen him de Mond zou an zéihen hie vun der Bühn.

Michel: So Claudine, wéi wëlls du dann eng Kéier d’Nofolgerin vum Claudia Schiffer gin , wanns du eremhopps ewéi e Kängeruh deen am Gaang as en Ee ze leën?

Claudine: Elo geet et mer iewer gläich duer! Ech stin elo schon eng hallef Stonn hei ouni eng Kéier ze bougéieren. Ech hu schon e Krämpchen am Been, an du brauchs nëmmen do op däin topechen Apparat ze drécken, an dann heescht et och nach "O kukk emol, wat e grousse Fotograf!"

Michel: So Claudine, du hues och nach all Ursaach, dech ze bekloen. Elo man ech en Topmodell aus dir, an du beklos dech iwert eng hallef Stonn poséieren. Ech mengen du ticks net méi richteg.

Claudine: Michel, wann ech net hei sting, da kéins du iwerhaapt näischt man. Wat wiren dann d‘Fotografen ouni hir Modellen? Guer näischt!!! An du , Här Starfotograf, du kanns mech gläich...

Michel: Dajee, Claudine, entschëlleg, et war net esou gemengt. Fotograf ze sin as eben emol e schwéieren Job, do kann et virkommen, datt een emol d’Nerve verléiert. ... Ma Jengi, wou liichst du dann elo erem hin? Ech gi nach geckeg mat iech zwee. Bal as d’Claudine nieft de Kapp, bal liichst du d’Aaffe vun de Beem.

Claudine: So Michel, de Jengi as jo guer net méi do!

© Roland Meyer

ZRÉCK Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen?