Scène 11:
Michel: A, do sidd der jo endlëch.
Claudine: Jo.
Michel: Gëtt et eppes Neies?
Elise: Jo, de Faber as gëschter mëtteg bäigaangen.
Zwelise: Jo, den Auto as huddel an eng Fatz, mee him as näischt geschidd.
Michel: So sidd dir zwee am falsche Film?
Elise + Zwelise: Wéi, gleews du eis dat net?
Michel: Dach, schon, mee wëst dir da net datt haut den Dag ass wou... Hei do kommen se schon.
D’Bad Kids kommen op d’Bühn.
Terminator: An, dir Schnuckelcher, wat seet de Klëppelkrich?
Rex: Ja, wou as dann déi kleng Fotochen.
Ali: Ech soen der, hal se zou, soss gëtt et Schinnegebees!
Terminator: Bleiw cool Man, soss färten eis zwou Äisprinzessinen hei:
Hie weist op d‘Elise an d‘Zwelise.
Bad Boy: Also Michel, wanns du de Jengi virum Bulldog rette wëlls, da gëtt et elo Zäit.
|
|
| ZRÉCK |