Scène 10:

Erem erkléngt déi komesch Musik, Niwwel kraucht ervir. Mee des Kéier tauche keng Persounen aus dem Klëppelkrich op, mee, de Kéier sin et d’Bad Kids, déi sech lëschteg man iwert de Michel. De wëllt fortlafen, wenzelt iwer de Buedem a krëmmt sech schrecklech.

Terminator: Wau, wau, ech sin de Bulldog.

Jengi: Michel,... Michel...

Rex: Am Pëtz do sëtzt de Kropemann...

Bad Boy: A mar geet de Jengi bei de Mupp...

Bad Girl: Ei, wat gëtt dat eng Freed...

Terminator: Waa, waa, ech sin de Mupp,.. de Mupp,... de Mupp...

Jengi: Claudine, Michel.....

Rex: ...e lauert mat der Kropestaang, bis en de Jengi huet gefaang...

Bad Boy : ...esou as d’Wett... da geet et bei de Mupp...

Bad Girl: D’Virfreed as déi schéinste Freed...

Terminator: Wau,wau,wau,wau....

Rex: Am Pëtz do sëtzt de Kropemann...

De Michel erwächt aus sengem Dram.

Michel: Wir déi Nuecht dach scho gutt eriwer. Déi Drem maache mech nach geckeg.

An dem Moment kommen d‘Tornadoen op d‘Bühn.

© Roland Meyer

ZRÉCK Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen?