Scène 9:

Terminator: Nach eemol schlofe goen, Jengi, dann as de Muppi do.

Rex: Ech sot dem Noper e soll en haut net fidderen.

Terminator: Da kann e mar besser happihappi man.

Claudine: Ech ging mech an ärer Plaz net ze fréi freën.

Bad Girl: A wat soll dan do nach schiifgoen. Ech mengen dir gleewt nach un de Kleeschen!

Ali: Hal de Mond, Zoppenhung. Kukk der déi heiten un.

Bad Boy: Jo, Michel, ech gesin du hues nach keng Foto.

De Michel rëselt de Kapp.

Bad Boy: Ma da géif ech mech iewer emol drugin, du wees jo, mar as den drëtten Dag, an da geet et mam Jengi bei de Bulldog.

Michel: A jo, elo hat ech dat bal vergiess. So hutt dir näischt ze din, datt dir déi ganzen Zäit hei eremtrëppelt? Waart dir villäicht op den Ouschterhues, mat séngen schoklas Eercher?

Terminator: So Männchen, gëff elo net frech elei.

Ali: Da waart du Rommelochs, elo geet et duer.

Domadder fenken se e Sträit un, bei dem se all zimlech séier um Buedem leien, an sech do wenzelen. Ouni datt déi aner et mierken, hëllt den Professer heemlech de Film aus dem Apparat a mécht sech aus dem Stëps.

Terminator: Oh, a wat hun ech dann hei fond?

Hie reeft de Fotoapparat op, mengt iewer net, datt en eidel as.

Rex: Ma dat as dach dem Här Starfotograf säin Apparat. Elo huele mer deen emol mat.

Terminator: Kukkukk, Steichen, kukk emol wat den Huesi hei huet.

Michel: Du Sau! Gëff mer direkt den Apparat erem.

Rex: Da komm, huel der en.

Si werfen sech den Apparat zou. De Michel probéiert verzweiwelt en opzefenken, mee e kënnt net drun. Schliisslech verschwannen si vun der Bühn. (eventuell durch de Sall.)

Ali: Merde, elo si mer gebéit!

Elise: Wéi konnt dat do nëmme geschéien.

Zwelise: Ech ging esouguer soen, wéi konnt dat nëmme geschéien.

Nodeem de Michel ouni Fotoapparat op d‘Bühn zréckkomm as, setzen si sech dohinner a man en dommt Gesiicht.

Michel: Esou wärt et de Klëppelmänner och gaange sin, wéi se der vun de Fransouse laanscht d’Panz kruten.

Ali: Wann ech déi Drecksäck erwëschen, da....

Claudine: Ech kënnt kräischen.

Hatt fänkt un haart ze kräischen.

Michel: Ech hätt d’Foto nach jhust entwëckele missen, dann hate mer d’Wett gewonnen. Mee elo hun si de Fotoapparat, a mir kënne bis mar keng nei Foto méi man.

Elise: So, wou as iwerhaapt de Professer?

Ali: Ma dee mécht sech dach ëmmer aus dem Stëps, wann et un d’Klappe geet!

Elise: An esou kuurz virum Zil!

Zweelise: Ech géif esouguer soen, esou kuurz virum Zil...

Michel : Allez, gitt heem, elo si mer verluer.

D‘Tornadoe verschwanne vun der Bühn. De Michel bleiwt eleng zeréck.

© Roland Meyer

ZRÉCK Wëllt dir eist Theaterstéck weider liesen?