De Spillmann

Et fänkt mat engem gestallte Bild un. Et gesäit een op der Bühn e groussen Dësch, dee festlech gerëscht a gutt gedeckt ass. Eng Bauerefamill sëtzt em den Dësch; si sinn am gaang mat baffen.

Virum Dësch danzen e puer Koppelen, doniewt sëtzt de Spillmann op séngem Instrument ze spillen an ze sangen. D‘Stëmmung ass ausgeloossen. Elo kënnt den Erzieler eraspazéiert.

Erzieler: D‘Berth an de Jous waren sech scho laang versprach. Als Kanner hu si matenee gespillt. Jo schon deemools soten d‘Leit, d‘Berth vum Héngerhaff, dat krit eng Kéier de Jous vum Kanéngercheshaff. An esou ass et och komm. Haut feieren déi zwee hir Hochzäit. Kuckt, wéi ausgelooss se danzen. Hir Famille baffen, wéi wann se nach ni eppes kritt hätten. En Ochs an zwee Schwäin hunn se geschluecht, Kuchen an Taarten, kee Mënsch kann se zielen, Béier a Wäin, et leeft hinnen d’Baken an de Kënn erof. An hei, d‘Tata Suss bréngt grad de Likör an d‘Drëppen eran. O mei, elo glënneren hir Aen, elo fonkelen hir Nuesen, elo wackelen hir Oueren an elo kraacht et am Geträips.

Deen do uewen, dat ass de Spillmann, de Karel. Hien ass op all Hochzäit, Kanddaf, Kommioun, Kiirmes a Begriefnëss. Iwwerall, wou d‘Leit wëllen danzen, laachen a sangen, do ass hien ze fannen. Hie kritt och nach déi knouterechst Bomi, dien déckste Paschtouer an dee gréisste Lidderhanes un d‘Rullen.

Sou, an elo genuch geschwat, elo geet et lass!

Op een Zock beweegt sech dat ganzt Bild, dat virdrun net bugéiert huet.

Lidd 1:

´t ass Kiirmes am Duerf

an de Spillmann ass do,

Déi Jonk, déi danzen, déi Al, déi kucke no.

De Bert danzt mam Bäerbel, an d‘Franzel mam Franz,

Mazurka a Polka a Konterdanz

Knapps datt se eng Walz hannert sech hunn,

da fänken se gläich mat dem Minnewéi un.

D‘Mareikätt gloust a pëspert mam Klees,

an de Jängi gëtt heemlech dem Jeanni eng Bees.

Den Tun seet zum Tréischen:"Ech hunn dech esou gär!"

an Tréischen zum Tun:"Mir gi muer bei den Här!"

Elo halen d‘Leit op mat danzen, an den ale Bauer kënnt no vir. Hie rifft esou haart e nëmme kann.

Ale Bauer: Ass et da bal roueg, nondikass nach eemol, dann haalt elo mol äer Schnëss zou! Kuckt iech en un, dien ale granzege Wiert. Hie mécht elo gären zou, wou et am Lëschtechsten ass. Jo Leit, da paackt är Saachen a maacht datt der heem kommt.

An deem Abléck kënnt de Spillmann bei dien ale Bauer.

Spillmann: So Bauer, du weess jo, dass dëst déi lescht Hochzäit fir dëst Joer war.

Ale Bauer: Jo, dat weess ech.

Spillmann: Ma da weess du jo och, datt elo de Wanter ugeet.

Ale Bauer: Natiirlech weess ech als ale Bauer och datt elo de Wanter ugeet.

Spillmann: Maja, ale Bauer, du bass wiirklech e gescheite Mann! An da weess du jo och sécher ganz bestëmmt, datt esou ee Spillmann, wéi ech ee sinn, dee ganze Summer muss iwwer Land zéien, hei eng Hochzäit, do eng Kiirmes. Do huet eiseree keng Zäit, esou wéi‘s du, d‘Kelleren an d‘Späicheren ze fëllen.

Ale Bauer: Maja, dat kann ech mer denken.

Spillmann: An däi Schapp, ech hu mer en ugekuckt, ass voll Holz, déng Scheier voller Fruucht, déng stengen Dëppe si gefëllt mat Sauermouss; an dénge Bidde leie Schwäin am Solper. Déng Haascht hängt voller Hamen an an déngem Keller friessen d‘Meis elo schons d‘Gromperen, esou voll sinn d‘Këschten.

Ale Bauer: Jojo, Karel, dat elo ass jo alles schéin a gutt, nëmme wat häss du da gären?

Spillmann: Kuck emol, de ganze Summer waars du fläisseg an hues fir de Wanter virgesuercht; dir kann am Wanter näischt méi geschéien. Ech awer, ech war och net lidderech, am Summer, ech hunn och vill geschafft. Ech si vun Duerf zu Duerf gezunn, ech hunn de Leit mat ménger Musék vill Freed gemaach, ech hunn hir Fester eréischt festlech gemaach, ech hunn aus hiren Hochzäiten eréischt richteg Hochzäite gemaach. Ech sinn iwwer Land gehetzt, fir ëmmer zur Zäit op all Kiirmes ze sinn; op all Bal hunn ech bis spéit an d‘Nuecht era gespillt, a wann d‘Leit schlofe gaange sinn, dann hunn ech méng Gitar agepaackt, a mech nees aus dem Stëps gemaach, wëll dien anere Mëtteg war am Nopeschduerf schons erem Kanddaf, an do gouf ech gebraucht.

O jo, d‘Leit sinn ëmmer frëndlech a léiw mat mir, iwwerall krut ech mat ze drénken a mat z‘iessen. All Dag en anert Festiessen!

Nëmmen elo am Wanter si keng Fester méi, an elo weess ech bis d‘Fréijor net méi, wou ech bleiwe soll, a wat ech iesse soll.

Ale Bauer: Mee Karel, du hues dir dat jo iewer selwer esou erausgesicht!

Spillmann: So ale Bauer, hues du net e bësse Matleed mat mir? Kënnt ech net iwwer de Wanter an dénger Scheier bleiwen? Ech wëllt och nëmmen heiansdo en Teller Bounenzopp mat, oder e puer gebootschte Gromperen. Weess du, ech si net verwinnt, ech komme mat bal näischt aus.

Ale Bauer: Hohoho, dat ging dir nawell passen! Mir an der Scheier mäi Proviant ewegbotzen a soss op der liddereger Panz leien. Entweder du bezuels mir däin Iessen an Drénken, oder du flitts eraus aus ménger Scheier!

Spillmann: Ma Bauer, du weess dach, datt ech näischt hunn. Ech kënnt dir an dénger Famill iewer all Owend hannert dem Uewen Lidder sangen oder Geschichte verzielen. Da wären d‘Nuechten am Wanter net esou laang.

Ale Bauer: Elo maach iewer, dass du séier eraus hei kënns, Männchen, soss kriss du vu mir de Bockel gestréilt. Du bass do fir op de Fester ze sangen an ze spillen. Wa keng Fester sinn, hues du näischt bei eis verluer. Mat esou engem wéi dir hätt ee jo keng Rou méi am Haus. Um Enn hätt een d‘Haascht eidelgefriess a sech mat der Fra duerch d‘Bascht gemaach. Fort elei, aus méngen Aen, soss léiers du mech emol kennen! Wa mir dénger brauchen, da ruffe mir dech schon.

Den ale Bauer verschwënd vun der Bühn. D‘Leit si bal all heem. De Spillmann geet bei de Metzler.

Spillmann: So Metzler, du bass jo e räichen a verstännege Mann, dir feelt et jo u näischt. Kann ech net iwwer de Wanter bei dir bleiwen? Heiansdo eng kleng Mettwurscht oder e Fierkelsjhelli, méi bräicht ech net bis an d‘Fréijoer eran.

Metzler: So Spillmann, ech mengen du hues se net méi all der Rei no! De ganze Summer bass du op der Rull a liews an den Dag eran, an elo op eemol soll ech dech a méng Wurschtkiche loossen. Ma léiwe Karel, fir wéi domm häls du mech? Maach dech séier iwwer d‘Schnouer! Wa mir dénger brauchen, da ruffe mir dech schon!

De Metzler verschwënd. De Karel leeft hin a hier. Hie weess sénger Hänn kee Rot méi. Hei do kënnt de Buergermeeschter eran.

Spillmann: Ah, Här Buergermeeschter, ech wousst jo, datt ech nach ee Mënsch ging fannen, dien et gutt mat mir mengt.

Buergermeeschter: Hei kuck emol, eise Karel. Schéin hues du haut gespillt, mäi Jong! Lauschter emol, dat nächst Joer gëtt mäin Ugenie bestued, am Summer. Mir zielen op dech Spillmann, et gëtt kee bessere wéi dech an der ganzer Géigend. Maach dass de do bass!

Spillmann: Natiirlech, natiirlech, Här Buergermeeschter, fir Iech an Är Duechter sinn ech ëmmer um Dill. Nëmme sot, ech hunn do nach eng Klengegkeet um Häerz, a wëll Dir jo als Buergermeeschter fir jiddereen do sidd, wollt ech emol mat Iech schwätzen.

Buergermeeschter: Allez, Karel, net gezéckt, eraus mat der Sprooch!

Spillmann: Maja, Excellence, et ass dat heiten: Ech hu jo de ganze Summer op all Fest hei an der Géigend opgespillt. An dobäi hat ech du keng Zäit no enger Wunnéng fir de Wanter ze sichen. Elo weess ech net, wouhin ech goe soll. Ech hu keen Dag iwwer dem Kapp!

Buergermeeschter: Ma Karel, dat do ass jo eng traureg Geschicht! Nëmme wat soll ech do maachen? Ei elei kënnt den Här Paschtouer, dat ass dee richtege Mann fir esou Saachen.

Spillmann: Bonjour Här, ech si jo esou frou, Iech hei ze begéinen.

De Paschtouer begréisst déi zwee.

Buergermeeschter: Jo Här, eise Karel weess sénger Hänn kee Rot méi! Hien huet dee ganze Summer iwwer gefeiert, an elo huet e keen Daach méi iwwer dem Kapp!

Mat dëse Wierder mécht de Buergermeeschter sech séier aus dem Stëbs.

Spillmann: Ma Här, Dir wësst dach och, datt ech am Summer keng Minutt Zäit hat, fir virzesuergen. An elo hunn ech kee Leër fir de Wanter. Ech kann dach net dobaussen ënner de Brécke schlofen, an de Botz vun de Mauere friessen.

Paschtouer: Karel, du bass ongerecht mat de Leit. Och eisen Här douewen huet net am Luxus geliewt, och hien huet dobausse geschlof an och hien hat dacks Honger. Du wäers gesinn, spéider kriss du och nach däi Loun!

Spillmann: Ma Här, ech brauch iwwerhaapt kee Loun, net elo an och net spéider. Ech brauch jhust en Dag iwwer dem Kapp an eng Kuuscht, fir dran ze bäissen, bis datt d‘Fréijoer erem do ass. Här Paschtouer, Dir hutt dach esou e schéint Haus, ass dann doranner net iergenswou nach e Schloff fir mech. An Är Käche bräicht och guer net extra fir mech ze kachen.

Paschtouer: Ma Karel, du bass awer gutt geroden. Esou kënnt jo jidderee kommen. A wat denken d‘Leit, wann ech elo op eemol e Spillmann bei mir wunne loossen! Wou bleiwt dann do de Respekt viru ménger Persoun. Ausserdeem ass et dir eng gutt Léier fir en anert Joer. Amplaz nëmmen ze lompen, kënnt ech dech jo och alt heiansdo an der Kiirch gesinn.

Mat dëse Wierder verschwënd de Paschtouer vun der Bühn. De Karel sëtzt sech enttäuscht néier, hëlt séng Gitar a séngt e ganz trauregt Lidd.

Lidd 2:

Dëst ass déi däischterst Stonn,

an dier däischterster Nuecht.

Ech hu kee Mënsch méi fond,

Dee méng Aarbécht uecht.

Da loosst mech eran,

Nee, déi Dir bleiwt zou!

Et ass mir esou kal.

De ganze Summer gespillt,

fir alle Leit Freed ze man,

elo hunn ech d‘Keelt gefillt,

esou äiseg sinn hir An.

Da loosst mech eran,

Nee, déi Dir bleiwt zou!

Et ass mir esou kal.

Dono mécht de Karel sech nees op de Wee; hien tockt u sëllechen Diren, mee néierens gëtt him opgemaach. Iwwerall gëtt hie fortgeschéckt.

Iwwer dier leschter Dir steet "Altersheim". De Karel huet d‘Hoffnung bal opginn. Hien zéckt een Ament, geet dann trotzdem op d‘Dir lass an tockt ... ee Mol ... zwee Mol ... et dauert onendlech laang ... dräi Mol ... an ... do geet d‘Dir op.

Et ass e ganz ale Mann, dien opmécht. Hien huet een däischtere Sonnebrëll op an e Bengel an der Hand. Hie kuckt em sech, hien huet de Karel nach net entdeckt.

Ale Mann: A wie kënnt mech da besichen? Elo sinn ech schons zënter dräi Joer elei am Altersheim a nach ni ass iergendee mech besiche komm! Ah, do bass de jo! Oh, nach e jonke Borscht. A wat féiert dech bei esou een alen Iesel wéi mech?

Spillmann: Oh, entschëllegt, ech mengen ech hu mech geiert. Entschëllegt den Iertum! Ech si schons erem esou gutt wéi fort.

Ale Mann: Lues lues, jonke Mënsch! Ech gesinn zwar net méi gutt, nëmmen ech mengen an dénger Stëmm esou een trauregen Toun gehéiert ze hunn. Bass du net frou?

Spillmann: Frou? ... Ech weess scho guer net méi wat dat Wuert bedeit.

Ale Mann: E Jong an déngem Alter sollt iewer net esou schwätzen. Komm emol bis eran, da verziels de mir, firwat dass du net méi weess, wat dat Wuert bedeit.

Erzieler: De Karel geet bei dien ale Mann eran, kritt eng Plaz an enger gemittlecher Fotell ugebueden, och e Glas Wäin an eng Schmier kritt hien an d‘Hand gedréckt. Auserhingert mécht hien sech iwwer d‘Iessen an d‘Drénken hier. Den ale Mann ass ganz erstaunt a gëtt him nach eng zolitt Portioun no.

Ale Mann: Ma nondikass, du bass jo auserhingert!

De Karel fängt erem un ze laachen an ësst wéi kloerrose weider. Hie knätscht a schmatzt dobäi datt d‘Mauere wackelen.

Ale Mann: Gesäis du, du bass jo iewer net esou prësséiert, wéis du virdru soos! Nëmme nu maach emol lues, an da verziels du mir, wat geschitt ass.

Spillmann: Maja, ale Mann, da lauschter emol gutt no, ech sangen dir méng Geschicht.

Lidd 3:

Hei ech sinn de Karel an ech si vun Arel

ech ka Lidder sangen, datt d‘Leit all opsprangen

wëllt dir mech emol héieren an de Säite réieren

Jo, ech sinn de Spillmann, gleewt mir datt ech vill kann.

De ganze Summer emhiergezunn

an all de Leit grouss Freed gemaach

de ganze Summer emhiergezunn

ei dat huet mir geschmaacht

Nëmmen elo am Wanter wat soll ech man

ech hu keen Haus a kee Geld

nëmmen elo am Wanter wat soll ech man

et ass schlecht em mech bestellt

De ganze Summer emhiergezunn

an all de Leit grouss Freed gemaach

de ganze Summer emhiergezunn

ei dat huet mir geschmaacht

No a no kommen ëmmer méi Leit eran. Et sinn dat aner Aler an awer och Personal. Si fänken un ze sangen an ze danzen. Eng Joffer gefällt dem Karel extra gutt, si ass Infirmière hei am Altersheim a soll sech em déi al Leit këmmeren.

Ale Mann: Wow, dat war e coolt Lidd. Nëmmen dat deet mer iewer leed, datt‘s du net weess wouhin. Mee lauschter emol gutt: Mir hei am Altersheim, mir hunn et zimlech langweileg, a mir wäre frou, wa mir hei esou ee wéi dech hätten. Du kënns eis all Dag e puer vun dénge flotte Lidder sangen, a mir gingen e bëssen zesummeréckelen, dass du Plaz häss, fir hei ze wunnen. A beim Iesse géife mir ëmmer e puer Mäifel fir dech Rescht loossen, da bräichs du keen Honger ze leiden. Wat häls du dovunner?

Spillmann: Oh, dat ass eng Super-Iddi! Dann hätt ech eng Wunnéng fir de Wanter an och Iessen an Drénken, an dir hätt e bëssen Amusement. Wëll wësst dir, ech kann och nach ganz flott Geschichte verzielen. Nëmmen, ale Mann, mengs du dann, dien, dien hei Här a Meeschter am Haus ass, wir och domadder averstanen?

Ale Mann: Weess de Karel, dien, dien hei Här a Meeschter am Haus ass, dee gëtt iwwerhaapt net gefrot! Hei kuck, déi Joffer elei, dat ass d‘Christine. Hatt këmmert sech em eis, hatt ass gutt mat eis an hatt suergt fir eis. Hatt kanns de jo emol froen.

Spillmann: Also, Christine, wat häls du vun dem ale Mann sénger Iddi?

Christine: Ma ech fannen déi Iddi immens! An ech wäert dofir suergen, dass du bei eis bleiwe kanns. Wëll ech fannen dech och ganz léiw!

Spillmann: Ass et wouer?

Christine: Mäi grousst chinesescht Paprikaschoten-Éierewuert.

An deem Moment kënnt e klenge nervöse, gro gekleeten Här eragestiirmt. Hien ass den Direkter vum Altersheim a fänkt gläich u mat brëllen.

Direkter: A wat ass dann hei lass?

3. Szen:

Vera: Ma esou hunn ech iewer scho laang net méi gelaacht! Déi schappeg Rabbelkëschte wëllen d'Äerd eroberen! A wéi stellt dir iech dat da vir?



© Roland Meyer


Sou, méi soll op dëser Plaz nët verrode ginn. Sot eis w.e.gl. wéi iech dëst Stéck bis elo gefällt. Wann dir et gutt fond hutt, da spille mir et nach eng Kéier!