KANNERTHEATER
JADDERMUNNES
MUNSHAUSEN–
Centre Culturel:
Eviva Brasil
24. Mai 2004 bis 28. Mai 2004
Zum
Stück:
Eviva Brasil
Text a Regie: Jemp
Schuster
Musék: Frank Möller
Kostüm: Cristina
Kneip a Sylvie Hamus
Dekor: Entworf:
Magali Weirich
Bäu : Atelier Dekoter,
Spill: Dany Hardt, Josée
Hoss, Michèle Turpel, Fos Schuster
D'Stéck riicht sech u Kanner vun 8 Joer un.
Wann de Kaffi ze deier gëtt, oder
wann en net méi esou schmaacht ewéi fréier, da muss een sech eng afale loossen. An dat maachen
se dann och, de Franzpéiter a seng Fra Daisy. Aus hirem Kichendësch bastelen se
sech ee Schëff a fueren dermat a Brasilien. Well de Kaffi ass néierens méi
bëlleg an néierens méi aromatesch wéi a Brasilien. Ënnerwee um wäiten Ozean
begéinen s'engem naasse Mann, dee seet hie wir de Kolumbus, an enger
Rittersfra, déi behaapt si wir d'Jeanne d'Arc. Se huelen se bei sech an d'Boot,
an elo weess op eemol kee méi ob en dreemt oder ob dat alles wouer ass. Sinn se
wiirklech ënnerwee a Brasilien? A wie sinn déi Leit déi s'äus dem Mier gefëscht
hunn? Am Ënnertitel heescht d'Stéck: eng Illusioun fir 4 Leit, an esou wäert et
dann och sinn.
Zur Truppe:
De Kannertheater Jaddermunnes spillt zanter 1983 all Joer op d'mannst
zwee nei Stécker fir Kanner. All déi Stécker goufe vum Jemp Schuster
geschriwwen an och inzenéiert. Et sinn deels Stécker déi op der Basis vun de
klassesche Mäerercher opgebaut sinn, wéi z.B. Dornréischen, Äschepuddel, De
Kalif Storch, De Fräschkinnék, oder op Figuren déi bekannt sinn, wéi Pinocchio,
Donkischott, Robin Hutt, Mona Lisa a Melusina.
Déi meescht Stécker sinn
awer fräi erfond a riichte sech esougutt u Kanner wéi Erwuessener, woubäi dee
sougenannten "Zielpublikum" ëmmer d'Kanner sinn. Dofir sinn d'Stécker
och dem Alter vun de Kanner ugepasst. Et gi Stécker speziell fir di Kleng äus
der Spillschoul, anerer fir de Mëttel- an Uewergrad vun der Primärschoul.
Nenne mer e puer Titele vun iwwer 50: Lotti
Laangnues, Den Zatzepelz, Streisel a Strummen, Bambola, Mira, Schnick-
Schnack-Schnëppel, Tschokolatäria, Voll am Bësch, De Fleetebam, de Pavarolli
séngt net méi, Eemer-zweemer-hëllef mer an Eviva Brasil.
De Kannertheater Jaddermunnes ass een
Tournée-Theater ouni fest Bühn, an huet seng Stécker op alle grousse Bühnen, an
op ville klengen zu Lëtzebuerg an am noen Äusland gewisen. Am Groussen Theater
an der Stad, am Kapuzinertheater, am Escher Theater, am Centaure, am TOL, um
Festival zu Wolz esou gutt ewéi zu Betebuerg, Colmer, Dikkrech, Ettelbréck,
Feelen, Groussbus, Hoen, Ierpeldeng, Jonglënster, Kehlen, Lëntgen, Mamer,
Niddaanven, Ospern, Péiteng, Réiden, Sandweiler, Téinten, Uewerkuer, Veianen,
Wolz an Zolwer, fir der nëmmen e puer ze nennen.
D'Musék spillt an alle Stécker eng grouss Roll.
Zwee grouss Musicals si mattt enger verstäerkter Besetzung opgefouert ginn.
Minotorro mam Muséker Balli Baldauf an Chicken mam Komponist Luc Rollinger, an
der Stad am Groussen Theater, Zu Esch, zu Wolz an zu Beesléck an der Scheier.
Duerno zu Tréier a Saarbrécken op däitsch an de Minotorro esouguer zu Posen a
Polen op polnesch.
Vläicht kënt een och e puer Leit ernimmen, déi
hir éischt Optrëtter am Kannertheater Jaddermunnes haten, an duerno hire Wee an
der Theaterzeen gemaacht hunn, oder einfach fir e puer Produktioune
mattgespillt hunn. Josée Bourg, Mady Durrer, Paddy Freres, Claudine Lambert,
Anne Mager, Monique Melsen, Carlo Migy, Georgette Muller, Odile Simon, Änder
Frings, Gilles Soeder, Clod Thommes, Serge Tonon, Paul Trierweiler, Pit
Vinandy.
En etlech Muséker hunn an deenen 20 Joer fir de
Kannertheater geschriwwen: Balli Baldauff, Jeannot Comes, Paul Dahm, Robert
Lamboray, an haut de Frank Möller.
Kostumière waren: Jeanne Mailliet, Edith
Rollinger, Lina Seyler, Anne Weyer, a sinn haut nach Sylvie Hamus a Cristina
Kneip.
Vill Dekoren huet de Claude Leuenberger gezammert
ir den Atelier Dekoter dat iwwerholl huet.
An der Ekipp vun 2004 spillen: Dany Hardt, Josée
Hoss, Michèle Turpel a Fos Schuster. De Jemp Schuster mecht nach ëmmer Regie an
huet sech fir d'Virstellungen an d'Technik verzunn. Et muss jo och ee fir de
gudden Toun suergen.