Mam Kapp duerch d‘Mauer

Scène 1:

D‘ Bühn ass e gardeméissege Virhaff vun engem kinéckleche Palast. Iwwerall sti Palmen an aner exotesch Planzen, déi drop hiweisen, datt dëst Theaterstéck an der Karibik spillt.

Op der Bühn danzen eng Rei schéi gekleed, adleg Herrschafte mateneen, anerer sëtzen a Fotellen an ënnerhalen sech.

Mme. Nadia: Et ass een iewer frou, hei an der Buerg ze sëtzen. Dobaussen hätt ee keng Rou méi.

Mme. Viviane: Majo, hei an der Karibik ass erëm der Däiwel lass. Et heescht de Jaco Riesebaart hätt mat sénge Pirate schon iwwer 30 eiser Handelsschëffer ausgeplëmmt.

Gouverneur: Ma Dir Dammen, hei braucht der virun deene Raubeen keng Angscht ze hunn. An déi 250 schwéier bewaffnet Zaldote bewaachen eis Festung. Do muss dee Kärel nach e puer Botterschmieren iessen.

Mme. Anni: Dir hutt gutt schwätzen, Här Gouverneur!

Mme. Nicole: Jo, Dir hutt wiirklech gutt schwätzen.

Mme. Isabelle: An all déi Schätz, déi hei an der Festung lageren?

Mme. Jessica: An all déi Bijhuen, déi mir unhunn?

Mme. Nadia: Ma Här Gouverneur, mengt Dir da net och, datt de Räichtum vun dëser Festung de Jaco Riesebart ulackelt, wéi ee Kéiflapp d‘ Mécken?

Gouverneur: Ma Dir Dammen, wéi soll ech Iech da nëmme soen, datt et kee Wäert huet, sech opzereegen. Hei kënnt deen Halsofschneider net eran, do kann e man, wat e wëllt! Esou, an elo emol séier opgestanen, elo danze mir en Tour, op ee Mol ass d‘Fest eriwwer, a mir koume net zum Danz.

Si stinn op an danzen.

Scène 2:

Mëtten an den Danz platzt den Ugrëff vun de Piraten. Et knuppt an et rubbelt fiirchterlech an e schwéiere Kampf entsteet zwëschen dem Gouverneur séngen Zaldoten an de Piraten. Schliisslech ginn d‘Piraten d‘Zaldote meeschter.

Rock: Allez,leet se a Ketten!

Déi gefaangen Dammen an Häre ginn a Kette geluecht.

Jaco: Esou dir Dammen.... a mäin Här, bis ewell hutt Dir jo gutt hei geliewt. Wann ech mer Äre Palast esou ukucken, da kann et Iech jo net schlecht ergaange sinn! Mee elo wir et un der Zäit, eis och e bësse matzeginn.

Nelli: Nee, déi schéi Bijhuen, Madame Gouverneur, ma da gitt mir déi emol eriwwer! Ech mengen, déi sti mir besser!

D‘Herrschafte ginn ausgeraubt.

Jaco: Ma sot emol, wou kommt Dir eigentlech un dee ganze Räichtum?

Mme. Isabelle: Ehem, eigentlech... mir wëssen et net!

Mme. Viviane: Dee war einfach esou do!

Rock: Einfach esou do... Hahaha!

D‘Pirate laache ganz fiirchterlech, esou wéi nëmme Pirate kënne laachen.

Alleguer d‘Herrschaften: Jo, einfach esou do!

Bello: Wou kënnt dee ganzen Zaster hier? An elo séier eraus mat der Sprooch, soss ginn der hei emol e puer e Kapp méi kleng gemaach!

Hien hëllt ee schrecklecht Messer,esou wéi nëmme Pirate Messeren hunn!

Gouverneur: Lues, lues, Här Pirat. Mir hunn alt esou e bësse gehandelt... wësst Dir, Här Kapitän, e bëssen hei, e bëssen do...

Rock: ...e bëssen hei, e bëssen do...

Gouverneur: Jo, e bëssen hei, e bëssen do!

De Rock hëlt eng fiirchterlech Pistoul eraus, eng Pistoul, wéi se nëmme Piraten hunn a schéisst an d‘Loft.

Rock: So Männchen, elo iewer genuch dees Gebraddels! Allez, elo séier eraus mat der Sprooch! Woumadder gëtt hei gehandelt?

Gouverneur: Dajee mäin Här! Dat do ass en Argument! Mir hu mat... Sklave gehandelt... jhust e bëssen, jhust mat e puer, net vill,... nee,ee...

Zwee Pirate schleefe schwéier Këschte mat Schätz eraus!

Jaco: Dat do gesäit mir iewer no méi aus! Dir hutt also wiirklech déi sëlleche Sue mat Sklavenhandel verdingt!?!?!

Gouverneur: Ass dat verbueden?

Jaco: Verbueden? Dat weess ech net! Mee esou eppes mécht een dach net!

D‘Nelli an e puer Pirate wullen an de Schatzkëschten an huelen d‘Ketten eraus.

Nelli: Oh, wonnerbar!!! Nee wat Bijhuen!!! Kapitän, mir mussen elo och mat Sklaven handelen, wann een dobäi esou räich gett!

Pirat 1: An hei hu mer jo och schons eis éischt Sklaven!

Pirat 2: Ei, gutt gefiddert a gemäscht!

Pirat 3: Schéin zeideg Sklaven ze verkafen.

Pirat 4: Frësch aus dem Palast.

Pirat 5: Elo an der Reklam.

D‘Pirate laachen sech futti.

Rock: Jaco, wa mir déi doten elo fir eis schaffe loossen a spéider verkafen, da si mir gemaachte Leit!

Jaco: Jo, nee, also,... am Fong...

Rock: Wat ee Gespréich!

Nelli: An esou eppes wëllt ee Piratekapitän sinn!

Rock: Männer, si mir Piraten?

All d‘Piraten: Mir si Piraten!

Rock: Bleiwe mir Piraten?

All d‘Piraten: Mir bleiwe Piraten!

Rock: Männer, drénkt dëse Rum a schwiert den Eed vun de Piraten!

Mamm Kapp duerch d‘Mauer!

All d‘Piraten: Mamm Kapp duerch d‘Mauer!

All Pirate sangen:

D‘Sklavelidd:

Sklave sinn eng aartlech Zuucht, eng aartlech Zuucht, eng aartlech Zuucht,

Sklave sinn eng aartlech Zuucht, wëll si si liicht ze fannen.

Sklave fënd een iwwerall, iwwerall, iwwerall,

Sklave fënd een iwwerall, ´t brauch een se nëmmen unzebannen.

Sklave kaschten iwwerhaapt näischt, iwwerhaapt näischt, iwwerhaapt näischt,

Sklave kaschten iwwerhaapt näischt, a si si liicht ze halen.

Sklave schaffen ëmmer gutt, ëmmer gutt, ëmmer gutt,

Sklave schaffen ëmmer gutt, bis si dout emfalen.

Sklaven doen de Mond net op, de Mond net op, de Mond net op,

Sklaven doen de Mond net op, dir braucht iech net ze ploen.

Sklave brénge ganz vill Geld, ganz vill Geld, ganz vill Geld,

Sklave brénge ganz vill Geld, ouni e Wuert ze soen.

An heinsdo fällt ee Sklav emol ëm, ee Sklav emol ëm, ee Sklav emol ëm,

An heinsdo fällt ee Sklav emol ëm, da braucht dir net ze baangen.

Geheit hien einfach op den Tip, op den Tip, op den Tip,

Geheit hien einfach op den Tip, a séier e neien agefaangen.

Scène 3:

Zum Enn vum Lidd taucht hannen op der Bühn, e bësse méi héich, den Tom Tortuga, Jeer op der Insel, op.

Tom: Wéi Jaco, esou kennen ech dech iewer net.

Jaco: A wie bass du dann?

Tom: Mäi Numm ass Tortuga, Tom Tortuga! Jeer op dëser Insel!

Jaco: Wat wëlls du vu mir?

Tom: Ech ka nëmme staunen! Dee berühmte Kapitän Jaco Riesebaart hält sech ewell Sklaven!?! Bass du ze lidderech fir selwer ze schaffen?

Rock: So Klengen, wat këmmers du dech em eis Geschäfter?

Tom: Schwätz méi lues, soss frësst dech dee Gorilla, dien hannert dir steet!

De Rock wirbelt erëm a schéisst! Mee et ass kee Gorilla do. Engem Pirat fällt jhust eng Kokosnoss op de Kapp, déi de Rock geroden huet.

Rock: Ma do ass jo guer kee Gorilla!

Tom: Maja, an dann hues du dech esou opgereegt! Haha...!

Alles laacht iwwert de Rock.

Jaco: Jo, de Rock huet Recht, wat ginn déch meng Sklaven un?

Tom: Jaco, du weess ganz genau, datt Sklavenhandel ee Verbriechen ass. Wat soll dat do dann eigentlech!

Rock: Looss eis endlech mat Rouh! Wat mir hei man, geet dech guer glat näischt un!

Tom: Ma sécher, geet mech dat eppes un, schliisslech liewen ech hei op dier Insel!

Bello: So Männi, wanns du elo net gläich de Mond hälls, da schéissen ech dech erof do!

Tom: Da probéier emol, du Fuesbok!

De Bello schéisst e puermol, geréit den Tom iewer net.

Rock: Allez Piraten, fänkt dee Gaardenzwerg, dat gëtt eise nächste Sklav!

All d‘Pirate verfollegen den Tom hanner d‘Bühn. Vun dier aner Säit taucht den Tom nees op a leeft bei de Jaco.

Tom: Jaco! Du bass net esou! Ech weess et! Looss d‘Fanger ewech vum Sklavenhandel! Domat gëss du net glécklech!

Hie leeft weider an ass jhust verschwonn, wa vun dier anerer Säit d‘Pirate nees optauchen.

Scène 4:

Pirat 1: Ewéi vum Äerdbuedem verschwonnen!

Pirat 2: Hie kann sech dach net einfach a Loft opléisen!

Bello: Wann ech dien erwëschen, dann...!

Hie weist, wat en alles ging mam Tom maan.

Rock: An da säin dommt Gebraddels.

Jaco: Ma Rock, mengs du da net, hien hätt iewer e bësse Recht?!?

Rock: Recht? Deendoten, wéi mengs du dat Kapitän?

Jaco: Maja, mam Sklavenhandel! Dat geet dach net, oder...?

An dësem Ament kommen eng ganz Rei Aarmeséileger eran. Si keime fiirchterlech, e puer vun hinne brieche virun de Piraten zesummen.

Pirat 3: Ma da kuckt iech emol dien Aarmut un!

Pirat 4: Huet ee Pritt derbäi, déi musse mir erem zesummepechen.

De Jérôme Picadilli kënnt op de Jaco zou.

Jérôme: Bonjour Här Gouverneur, ech...

Jaco: Nee,nee, Monsieur, ech si net de Gouver....

Rock: Looss e schwätzen!

Jérôme: Ech sinn de Jérôme Picadilli, hei ass méng Fra, d‘ Milly Picadilly, mir sinn d‘Herrschaft vun dem westlechen Deel vun dëser Insel gewiescht.

Milly: Bis d‘Spuenier eist Räich erobert, an eis zu hire Sklave gemaach hunn.

Sandra Picadilly: Oh mei, ech däerf net drun denken!

Benedetta Picadilly: A mäi Mann hu se embruecht a méng Kanner verschleeft!

Sandra Pcadilly: Mir konnten hinnen iewer entkommen!

Sandra Picadilly: Oh mei, ech däerf net drun denken!

Milly: Här Gouverneur, Dir musst eis hëllefen, eist Räich zréckzeërueweren.

Jérôme: Här Gouverneur, ech weess datt Dir e Mann vu Recht an Uerdnung sidd, dofir bieden ech Iech elo offiziell,...

Rock: Genuch dees Gesabbels! Leet se a Ketten!

Milly: Här Gouverneur...

Pirat 2: Déi musse mir iewer nach e bësse fidderen ier mir se verkafe kënnen!

Jaco: Rock, waart!

Bello: Ei, haut ginn d‘Sklave vum selwen an d‘Netz!

Rock: Kuckt ob se näischt Wäertvolles bei sech hun!

Jaco: Lues, nee nee, net esou,...

Nelly: Bei deenen elo wäert näischt ze huele sinn!

Pirat 4: Da kommt dir Dickelcher, an den Hingerjhuck!

Jaco: Stopp, nee, dat do geet net!

Rock: A wat soll dann do net goen?

Jaco: Mir kënnen déi aarmeséileg Leit hei dach net einfach als Sklaven huelen!

Bello: Ma da kuck emol wéi mir dat kënnen!

Jaco: Dat ass net richteg!

Nelli: Papperlappapp, wat ee Gespréich!

Jaco: Dat ass net fair, net gerecht!

Rock: A wou steet dann, datt Pirate mussen fair a gerecht sinn?

Jaco: Ma ech, de Jaco Riesebaart, Kapitän vun iech Piraten, soen, datt da do net fair a gerecht ass!

Rock: A wann ech, de Rock Brasiliano, soen, datt et richteg ass, wat dann, Här Kapitän?

Jaco: Dann huet dat näischt ze soen, wëll ech sinn däi Kapitän!

Rock: Ma da bass du vun elo u net méi mäi Kapitän!

Nelli: A mäin och net méi!

Jaco: Wësst dir, wat dir do maacht, dat ass Meuterei!

Rock: Dat ass gewass Meuterei! Wann e Piratekapitän sech net méi behëllt wéi e Piratekapitän sech behuele soll, dann huet hie kee Recht méi, Piratekapitän ze sinn!

Bello: De Rock ass eise neie Kapitän!

Nelly: Wien ass fir de Rock Brasiliano als Kapitän?

All brëllen se, si wire fir de Rock, all ausser dem Bokuss, dem Smutje an dem Max, dem Schëffsjong. Elo sangen d‘Meuterer d‘Lidd:

 

Mam Kapp duerch d‘Mauer

Ref: Mam Kapp duerch d‘Mauer

Ni komme mir zur Rou

Keng Angscht keng Trauer

Gestoe Pirate sech zou

Mam Kapp duerch d‘Mauer

Ni no hanne gekuckt

Mam Kapp duerch d‘Mauer

Net emol zesummegezuckt

  1. Mir si richteg Männer
  2. Männer déi kräische ni

    Männer déi hunn och nimools Angscht

    Männer déi kräische ni

  3. Mir si richteg Piraten
  4. Piraten déi kräische ni,

    Piraten déi weise keng Gefiller

    Piraten déi kräische ni

  5. Mir si schlëmm Kär‘len
  6. Kär‘len déi kräische ni

    Kär‘len déi weise glat kee Matleed

    Kär‘len déi kräische ni

  7. Mir si schrecklech Reiber

Reiber déi kräische ni

Reiber déi weise nimoos Reegung

Reiber déi kräische ni!

Rock: Also Jaco, wéi ass et elo mat dir? Wëlls du zu ménge Pirate gehéieren – jo oder nee?

Jaco: Mat engem Kapitän, dien onschëlleg, aarm an hëlleflos Mënschen als Sklaven hält, wëll ech näischt ze dinn hunn!

Nelly: Oh déi aarm Mënschelcher, wéi kann ee nëmmen esou häerzlos sinn!

Jaco: Nelly, hues du kee Matleed? Du bass schrecklech!

Rock: E Pirat muss schrecklech sinn!


© Roland Meyer


Sou, méi soll op dëser Plaz nët verrode ginn. Sot eis w.e.gl. wéi iech dëst Stéck bis elo gefällt. Wann dir et gutt fond hutt, da spille mir et nach eng Kéier!