De neie Musical vum Holzwuerm-Park Housen
Am Juni zu Maarnech am Cube 521
E Musical vu Kanner fir Kanner vu 4 bis 121 Joer, gespillt vun de Kanner vum “Holzwuerm”, geschriwwe vum Roland Meyer
Et ass schonn ee komescht Gefill, wann d'Luuchten am Supermarché ausginn an et ganz däischter Nuecht gëtt...
A wann zwou "Gangs" op déi selwecht Iddi kommen, da kann dobäi eigentlech net ganz vill Guddes erauskommen!
Oder iewer een Theaterstéck iwwer gesond Ernährung a wéi esouguer déi schlëmmste Géigner zu gudde Frënn ginn! Spannung pur!
Virstellungen:
Virstellunge fir d'Schoulen:
Méindeg, den 2. Juni 2014: um 9.15 Auer an um 14.15 Auer
Dënschdeg, de 3. Juni 2014: um 9.15 Auer an um 14.15 Auer
Mëttwoch, de 4. Juni 2014: um 9.15 Auer an um 14.15 Auer
Donneschdeg, de 5. Juni 2014: um 9.15 Auer
Freideg, de 6. Juni 2014: um 9.15 Auer
Owesvirstellung:
Freideg, de 6. Juni 2014: um 19.30 Auer