Iwwert der Leeder

E Musical gespillt vu Kanner fir Kanner vu 4 bis 121 Joer.


Den Holzwuerm - Park Housen


"Den Holzwuerm – Park Housen" ass d'Kannertheaterequipe aus dem Uewergrad vun der Housener Zentralschoul. Et gëtt dës Equipe zënter dräi Joer zu Housen, mee si besteet schonns iwwer 6 Joer a gëtt vum Roland Meyer geleet. Entstanen ass si 1995 an der Holzthumer Schoul, a vun dohier kënnt och nach de Numm. Zënter 1995 hunn d'Kanner net manner wéi 8 verschidden Theaterstécker opgefouert, déi mat Ausnahm vun engem, all aus dem Roland Meyer sénger Fieder stamen.

D‘Kanner aus diene verschiddene Klassen treffen sech déi fräi Nomëtteger fir ze prouwen, an och d'Schoulmeeschteren, déi am Grupp hëllefen, schaffe fir näischt mat de Kanner an hirer Fräizäit. Nieft "Dem Kinék säi Gaart" vum leschte Joer, waren "D'Geheimnis vum Schlass" an "Eng Foto vum Klëppelkrich" grouss Succès‘en fir den Holzwuerm. Ze bemierken ass och nach, datt iwwer dat ganzt Joer geprouft gëtt, d'Theaterequipe also wéi e Veräin funktionéiert. Et gëtt net nëmme virum groussen Optrëtt geprouft, mee d'Theaterkanner sinn iwwer d'ganzt Joer encadréiert.

Nieft dem Theater, der Pantomime an der Expression corporelle huet den Theatergrupp nach zwee weider fest Bestanddeeler: den Zirkus an d'Musék mat Choreographien. Wien "Dem Kinék säi Gaart" gesinn huet, die konnt sech vun dier flotter Mëschung iwwerzeegen. (Fir méi Informatioun: http://www.gms.lu/~holzwuerm/)

Wéi mir mat eiser Klass am Hierscht zu Veianen am SEO-Stollen d'Dali-Ernst-Miro-Ausstellung gesinn haten, waren d'Kanner vum Miro esou begeeschtert, datt si gefrot hunn, fir méi iwwer dëse Moler gewuer ze ginn. Et ass op dien éischte Bléck net liicht, Kanner aus der Primärschoul d'Biller an d'Iddien vun engem surrealistesche Moler méi no ze bréngen. Mee mat Hëllef vum Theater ass et iewer méiglech. Déi flott, faarweg a lieweg Figuren, déi de Miro a sénge Biller verwend, komme bei de Kanner ganz gutt un. Och déi kloer Linnen an déi kräfteg Faarwe begeeschteren si. Séier hu si och verstan, datt et eng ganz Welt hannert oder iwwert der Realitéit vun all Dag gëtt, déi immens interessant, spannend, geféierlech oder iewer och erschreckend ka sinn. Op de Miro sénge Biller taucht ganz dacks d'Symbol vun der Leeder op, fir iwwer d'Realitéit eraus ze kommen. Mir hunn dëst Symbol iwwerholl a lueden iech alleguer häerzlech an, mat eis d'Leeder erop ze kloteren, an an d'Welt vun den Dreem, de Wënsch an der Fantasi anzedauchen:

D'Michelle ass schlecht drun: an der Schoul rutscht et net, séng Mamm a säi Papp spären hatt op de Späicher an, säi Brudder klaapt alles weider, wat hatt mécht an elo soll hatt och nach aus dem Futtball.

"Also Dir Herrschaften, wann Äert Michelle esou weiderfiert, da wäert hatt dëst Joer net packen!

... hatt wir verdreemt!

Äert Michelle ass lidderech wéi all näischt Gutts!

Eise Stevie ass emol e feine Jong!

... e Meedchen am Futtball, dat ka jo näischt ginn!

... hatt muss just nach léieren, léieren, léieren!"

 

An dobäi huet hatt de Kapp voller Iddiën:

"Ech wëll fort an dat Land,

Wou jiddereen e Kënschtler ass!

Wäit iwwer d'Wolléke fléien,

Dohin, wou alles faarweg ass!

Ech wëll fort an dat Land,

Wou jiddereen Eerad fuere kann!

Wäit iwwer d'Wolléke fléien,

Do wou d'Blummen e ganzt Joer bléien!"

"Iwwert der Leeder" ass e Kannermusical fir Leit vu 4 bis 121 Joer vum Roland Meyer, gespillt vun der Kannertheaterequipp "Den Holzwuerm - Park Housen". Et berout op de Biller an den Iddiën vum spuenesche Moler Joan Miró.

Wéi d'Michelle aus dier verfuerener Situatioun erauskënnt, kënnt dir de 5., 9., 11., 12. a 14. Mee zu Housen am Centre Culturel gewuer ginn.

Mat der Ënnerstëtzung vun "Éisléck ouni Grenzen".



Zréck