|
|
De Kannergrupp Holzwuerm-Park Housen presentéiert séch op der Bichermania nomëttes mat laafender Animatioun op deene verschiddene Siten (ISERP, Centre Culturel Walferdange).
Zënter en ettleche Joere gëtt am Éisléck Theater, Zirkus, Musik an Danz zu enger ganz interessanter Mëschung kombinéiert. Den Theatergrupp „Den Holzwuerm-Park Housen", ënner der Leedung vum Roland Meyer, bitt de Schoulkanner aus de Gemengen Housen, Houschent, Pëtscht a Consthum d'Geleënheet, sech an hirer Fräizäit mat der Bühn ze beschäftegen. D'Kanner gesi sech eemol an der Woch an trainéieren dann an dienen Atelieren, déi hinnen die gréisste Spaass maachen. Och Workshops, déi vu professionelle Kënschtler geleet si, ginn ugebueden: Breakdance, Expression Corporelle, Schattentheater, Poppentheater, Bastele vu Kulissen, Skulpture maachen...
Eemol am Joer gëtt dann eng grouss Opféierung produzéiert, mat Stécker wéi „Eng Foto vum Klëppelkrich", dat elo als Kannerbuch erauskoum, „Dem Kinék säi Gaart" dat dëse Wanter als Buch erauskënnt oder „Iwwert der Leeder", de Musical vun dësem Joer.