Dat kann dach net sinn! Esou eppes lieft dach net! Dat ass dach ganz onméiglech!
An trotzdeem ass et wouer!
Et gëtt dat Land, dat Land an diem et verbueden ass ze laachen. Dat Land, wou een an de Prisong kënnt, wann een e Witz verzielt, wann ee grinzt, kickelt oder ganz einfach nëmme gutt gelaunt ass.
Dir frot iech elo bestëmmt, wou dat Land dann ass, wéi een dohinner kënnt a virun allem, firwat een do net laachen därf. Abbee wann dir dat wëllt gewuer ginn, da maacht iech mam Michel, dem Steemetzer, op d'Rees a léiert seng Frënn a Kollegen kennen, déi alles anescht wéi driipseg an trauereg Gestalte sinn. A wann déi alleguer bis an diem Land, wou et verbueden ass ze laachen, opdauchen, da kënnt dir iech bestëmmt virstellen, datt do alles drënner an driwwer geet an datt keen A dréche bleift...
Och dëst Joer ass et der Kannertheaterequipe „Den Holzwuerm – Park Housen“ nees gelongen, en ofwiesslungsräiche Spektakel mat vill Musik, Danz, Zirkus a ganz vill gutt Laun op d'Been ze stellen.