De neie Musical vum Holzwuerm-Park Housen
Am Juni zu Housen am Centre Culturel
„Love is …“, Liebe ist …“, l'amour c'est“, jo mee wat ass et dann elo, dat Wuert, dat jidderee kennt, dat Wuert, vun diem jidderee schwätzt, dat Wuert, dat ee Léift neent? Mir all, ob jonk oder al, all hu mir domadder ze dinn, mee wat et ass ka keen esou richteg soen.
De Michele ass een aarme Kënschtler mat ganz vill Talent a ganz wéineg Suen. Mam Isabella, senger Häerzallerléifsten a mat senge Kollegen féiert hien e ganzt zefriddent a frout Liewen. Bis enges Daags d'Principessa, dem Gran-Duca seng Fra, op hien opmierksam gëtt an alles duerchernee bréngt…
De Michele geréit um Haff vum Gran-Duca an ee Schlamassel, dien hie ni fir méiglech gehal hätt a just am leschte Moment… mee loost Iech iwwerraschen a kommt op House kucken, fir ze wëssen, wéi et ausgeet.
„Love is …“ ass eng Geschicht vu Kanner fir Kanner an all déi, déi trotz der Bankekris an der Rezessioun nach jonk bliwwe sinn, iwwer Frëndschaft a Näid, Räich an Aarm an natiirlech iwwer d'Léift.
Den Holzwuerm weist och dëst Joer nees, wat Kanner zwëschen 10 an 12 Joer alles kënnen: Theater spillen, danzen, sangen, jongléieren an nach e ganze Koup aner Saachen. A vläicht geléngt et hinnen jo eis ze erklären, wat dat dann elo ass, … d'Léift.
Virstellungen:
Sonndes, de 14.6. am Cube 521 zu Maarnech (Schoultheatermarathon)
Dënschdes, de 16.6. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Mëttwochs, de 17.6. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Donneschdes, den 18.6. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Freides, den 19.6. moies um 9.00 Auer a më:ttes um 14.15 Auer
Samschdes, den 20.6. owes um 19.30 Auer