De neie Musical vum Holzwuerm-Park Housen
Am Mee zu Maarnech am Cube 521
E Musical vu Kanner fir Kanner vu 4 bis 121 Joer, gespillt vun de Kanner vum “Holzwuerm”, geschriwwe vum Roland Meyer
De Michel vun Donnerbuerg kënnt eigentlech e gléckleche Kinnek sinn: Hien huet säi Räich vu sengem Papp, diem berühmte Waldemar vun Donnerbuerg geierft, hien huet trei Ennerdoen a Dinger an eng gutt Mamm.
Wann et do net déi véier hannerhälteg an duerchdriwwe Ritter ging ginn, déi et op seng Kroun a säi ganzt Räich ofgesinn hunn. Si knäppen dem Michel eppes no diem aneren of, bis hien um Enn, esou wéi den "Hans im Glück", just nach mat diem do steet, wat hien um Leif dréit. An dat ass net vill!
Mee de Michel ka kämpfen, hien huet Courage, och wann hien net richteg wees, wat dat ass. An esou, mat der Hëllef vum Alicia, der Prinzessin vu Blëtzhausen, geléngt et him, dien terribelen, schrecklechen a onheemlech béisen Draach Bazekapp opzedreiwen.
Soll hien dien dann elo Meeschter ginn, mat sengem Draachendéider Excalibur?
Virstellungen:
Méindes, den 2.5. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Dënschdes, de 3.5. moies um 9.00 Auer
Mëttwochs, de 4.5. moies um 9.00 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Donneschdes, den 5.5. moies um 9.00 Auer
Freides, den 6.5. moies um 9.00 Auer an owes um 19.30 Auer