Annamaria: Dajee,
Michelle, looss mech e bëssen ofschreiwen!
Michelle: Nee!
Annabella: Just e
Saz!
Michelle: A nee!
Annarita: Just e
Wuert!
Michelle: Ma loosst
mech mat Rou, sou, mäin Heft ass elo zou!
… huet
d’Michelle grad séng éischt Prüfung am Fach “Zauberspréch aus dem Mëttelalter”
fäerdeggeschriwwen …
Michelle:
Wann ech gelift Här Zaubermeeschter, hei ass méng Prüfung! Dir braucht se net
ze verbesseren, et ass alles richteg.
Zaubermeeschter: Bravo, Michelle, mee, ...
Kuebekapp a Rateschwanz, wiren déng Kollegen hei och nëmmen esou fläisseg!
…
d’Annamaria, d’Annarita an d’Annabella hunn de Kapp an d’Heft gestach a
Grimasse geschnidden…
Annamaria: Streeber!
Annarita: Faule Batz!
Annabella: Egoist!
… si
wollten, datt d’Michelle hinnen hëlleft. Mee hatt hat keng Zäit fir si!
An an der Paus…
Annabella: Kommt séier eran!
… wéi den Hexemeeschter net opgepasst huet…
Annarita: Déi si jo ganz stëbseg!
… hu si an den alen Zauberbicher vum
Zaubermeeschter no engem Zaubersproch gesicht, dien d’Michelle fir emmer
verschwannen deet…
ÄDDI,
A GUTT FORT!
Dat
Michelle dat Michelle dat hëlleft eis net
Dat
Michelle dat Michelle datt et esou eppes gëtt
Dat
Michelle dat Michelle ass dat net schlëmm
Dat
Michelle dat Michelle mécht et ëmmer erem
Hatt
huet einfach nëmme sech am Kapp
Mee elo
weise mir him et net ze knapp
Mir
schécken hatt elo wäit fort vun hei
Wat gëtt
dat eng Freed – o mei o mei
Wat
gëtt dat eng Freed – o mei o mei
Annabella:
Kuck hei an diem stëbsege Buch ...
Annarita:
Et ass
genug, et ass genug
séier
sprang op dien alen Zuch
daggedag
daggedag daggedag daggedag
fort mat
dir zackzack zackzack
Annamaria:
Hei ass jo alles voller Spawecken ...
Annabella:
Michelle
hei Michelle do
Michelle du
bass fir eis eng Plo
de Niwwel
gëtt blo
an d’Mier
gëtt gro
séier fort
mat dir elo
Annarita:
Hëllef, do leeft eng Maus ...
Annamaria:
eent zwee
dräi
fal an de
Bräi
véier
fënnef sechs
da kënnt
déi al Hex
siwen acht
ning
a brot dech
bis zing
schéi
knuspreg bass du um elef
zerwéiert
gëss de um zwielef
ÄDDI,
A GUTT FORT!
Dat
Michelle dat Michelle dat hëlleft eis net
Dat
Michelle dat Michelle datt et esou eppes gëtt
Dat
Michelle dat Michelle ass dat net schlëmm
Dat
Michelle dat Michelle mécht et ëmmer erem
Hatt
huet einfach nëmme sech am Kapp
Mee elo
weise mir him et net ze knapp
Mir
schécken hatt elo wäit fort vun hei
Wat
gëtt dat eng Freed – o mei o mei
Wat
gëtt dat eng Freed – o mei o mei
Annabella:
Ma wäers du nëmmen am Land wou de Peffer wiisst
An elo
héiert een e Gedubbers an ee Kaméidi, am Hannergrond laacht eng knaschteg déif
Männerstëmm.
Michelle:
Wat ass dat? Ech fléien! Nee, ech wëll net!
Annarita,
Annabella an Annamaria: Äddi, a gutt fort! Hahaha!
Michelle:
Nee, ech wëll net. Wou geet et hin?
Männerstëmm:
Wou et
higeet wëlls du wëssen,
et dauert
just nach e bëssen,
da bass du,
... ma da bass du ...
am Land wou
de Peffer wiisst, hahahahaha!
2.
Em
d’Michelle stinn elo nach just gring Planze mat roude Kären drun. Aus dem
Pefferfeld stiirzt sech e ganz Komeschen op d’Michelle a geheit sech him virun
d’Féiss ...
Troupatatt:
O sole mio, o sole mio
Hatt
erféiert immens...
©Roland Meyer