Den éiwege Sträit zwëschen deene vu Fatzbeidel an deene vu Rappdeckel

D'Bühn ass duerch eng Mauer aus Kartrongskëschten a zwee gläichgrouss Deeler gedeelt. Op all Säit sëtzt de Kinék op séngem Troun, ëmgi vun sénge Leit. Op dienen zwou Säite gesäit et genee d'selwecht aus. Während op dier enger Säit gespillt a geschwat gëtt, ass et op dier anerer Säit ganz roueg, d'Acteure bougéiere net, si sinn onbeweglech wéi op engem Bild.

1: Bei de Fatzbeidelen:

Alex: Leit aus dem Land vun deene vu Fatzbeidel, sidd mer gegréisst. Haut feiere mer nees eng Kéier eist traditionellt Fest vun der laanger Nues.

Leit: Ah!

Alex: Wéi schons zënter Joerhonnerten doe mer haut, um Dag vun eisem éischte Keeser, dem mächtege "Wernerus", séng Nues an eiser aller Nationalfaarw GIEL op!

Leit: Oh! nodeems all hier Nuesen opgedoen hunn.

Alex: Huet jiddereen séng Nues op?

Leit: Jo mäi Kinék!

Erna: Oh Leit aus dem Räich vun deene vu Fatzbeidel, endlech, no engem laange Joer Waarden, ass et erem esouwäit: mir kënnen deene vu Rappdeckel, deene BLOEN, eng laang Nues maachen, an eist Lidd sangen:

Lidd vun de Fatzbeidelen:

Jo, jo, jo, jo,

Wat si déi Rappdeckele blo,

Nee, wat sinn déi schro,

A wat sinn déi blo,

Wat ass dat eng Plo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo!

Dir léiw Leit alleguerten, lauschtert ganz gutt no,

Mir schwätze vun engem Iwwel, et ass esouguer eng Plo,

Si nenne sech Rappdeckel, mee a Wiirklechkeet sinn si,

Sou richteg ruppeg Rotzerten, ewéi si, esou gi mir ni!

Jo, jo, jo, jo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo,

Nee, wat sinn déi schro,

A wat sinn déi blo,

Wat ass dat eng Plo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo!

Si soe si wire blo, mee si sinn zevill blo,

Sou blo ka guer kee Mënsch méi sinn, si si ganz einfach schro,

Si sinn esou ganz anescht, esou friem an onbekannt,

Sou schrecklech onmannéierlech, wéi dir soss guer kee fand!

Jo, jo, jo, jo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo,

Nee, wat sinn déi schro,

A wat sinn déi blo,

Wat ass dat eng Plo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo!

2. Bei de Rappdeckelen:

Flëpp: Kinék, Kinék!

Robert: Jo, wie rifft mech?

Flëpp: Kinék, Kinék, et ass schrecklech!

Robert: Ma nonditjëft, wie schwätzt do esou duercherneen? Wou bass du?

Flëpp: Ma Kinék, gesidd Der mech da net? Hei ënne sinn ech!

Robert: Ah, do bass de, ..., eise Flëpp, wat gëtt et Neies vun eisen Erzfeinden, de Fatzbeidelen?

Flëpp: Oh Kinék, et ass schrecklech!

Robert: Esou schlëmm wäert et jo och alt erem net sinn! Mee dajee, da verziel eis elo endlech, wat dass du gesinn hues!

Flëpp: Majo, d‘Fatzbeidelen,...

All: d‘Fatzbeidelen?

Flëpp: ... hu laang Nuesen opgedoen, ...

All: Laang Nuesen opgedoen?

Flëpp: ... an eis eng laang Nues gewisen.

All: Eng laang Nues gewisen?

E1 & E2: Schrecklech!

E3 & E4: Typesch!

Irma & Jhang: Onmënschlech!

Flëpp & Sonni: Eben ...

E1 & E2 & E3 & E4: ... fatzbeidelech!!!

Josée: Oh Kinék Robert, mächtege Chef vun all deenen aus dem Räich vun de Rappdeckelen, datt do ass e Skandal!

Irma: Schlëmmer nach, et ass eng Katastrof!

Jhang: Ech géiw esouguer behaapten, et wir eng richteg Katastrof!

E1 & E2 & E3 & E4: Eng richteg Katastrof, dat iwwerliewe mir net!

All: brëllen duercherneen!

Robert: Roueg, roueg, ass et dann elo bal roueg! Dat do ass kee Skandal!

All: Kee Skandal?

Robert: Nee, an och keng Katastrof!

All: Keng Katastrof?

Robert: Et ass eng Krichserklärung! Mee mir loossen eis esou eppes net bidden!

All: Net bidden!

Robert: Mir schloen zréck!

All: Mir schloen zréck!

Josée: Awer wéi, Kinék, wéi?

Robert: Ma mir doen och Nuesen op! Mee keng GIEL, mee BLOER!

D‘Lidd vun de Rappdeckelen:

Iel, iel, iel, iel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel,

Nee, wat sinn déi schiel,

A wat sinn déi giel,

An och scho ganz wiel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel!

Dir léiw Leit alleguerten, lauschtert ganz gutt no,

Déi Fatzbeidelen dohannen, dat ass eng ganz grouss Plo,

Si si net giel, si si méi wéi giel, esou elle wéi der Doud,

An och nach domm a blöd derbäi, et ass eng schrecklech Nout!

Iel, iel, iel, iel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel,

Nee, wat sinn déi schiel,

A wat sinn déi giel,

An och scho ganz wiel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel!

Scho Joeren a Joer, liewen si déi Säit,

A siche vu moies bis owes, ëmmer nëmme Sträit,

Si sinn esou ganz anescht, esou friem an onbekannt,

Sou schrecklech onmannéierlech, wéi dir soss guer kee fand!

Iel, iel, iel, iel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel,

Nee, wat sinn déi schiel,

A wat sinn déi giel,

An och scho ganz wiel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel!

 

3. Nees bei de Fatzbeidelen:

Metti: Kinék, Kinék!

Alex: Jo, wie rifft mech?

Metti: Kinék, Kinék, et ass schrecklech!

Alex: Ma krenonditjëft, wie schwätzt do esou duercherneen? Wou bass du?

Metti: Ma Kinék, gesidd Dir mech da net? Hei ënne sinn ech!

Alex: Ah, do bass de, .... , eise Metti, wat gëtt et Neies vun eisen Erzfeinden,de Rappdeckelen?

Metti: Oh Kinék, et ass schrecklech!

Alex: Ma da verziel eis elo endlech, wat dass du gesinn hues!

Metti: Majo d‘Rappdeckelen ...

All: D‘Rappdeckelen?

Metti: ... hu sech och laang Nuesen opgesat ...

All: Och laang Nuesen?

Metti: Jo, iewer keng GIEL, mee BLOER! An dun hu se eis och nach eng laang Nues gewisen!

All: Och eng laang Nues gewisen?

U1 & U2: Schrecklech!

U3 & U4: Typesch!

Astrid a Jacques: Onmënschlech!

Metti a Lydie: Eben ...

U1 & U2 & U3 & U4: ... rappdeckelech!

Erna: Oh Kinék Alex, mächtege Chef vun all deenen aus dem Räich vun de Fatzbeidelen, dat do ass e Skandal!

Astrid: Schlëmmer nach, et ass eng Katastrof!

Jacques: Ech géif esouguer soen, et wir eng richteg Katastrof!

U1 & U2 & U3 & U4: Eng richteg Katastrof! Dat iwwerliewe mir net!

All: brëllen duercherneen!

Alex: Roueg, roueg! Ass et dann elo bal roueg! Dat ass kee Skandal!

All: Kee Skandal?

Alex: Nee, an och keng Katastrof!

All: Keng Kastastrof?

Alex: Et ass eng Krichserklärung! Mee mir loossen eis esou eppes net bidden!

All: Net bidden!

Alex: Mir schloen zréck!

All: Mir schloen zréck!

Erna: Awer wéiKinék, wéi?

Alex: Näischt méi einfach wéi dat! Mir doen elo och nach Hitt op! Richteg schassgiel Hitt!

Lidd vun de Fatzbeidelen:

Jo, jo, jo, jo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo,

Nee, wat sinn déi schro,

A wat sinn déi blo,

Wat ass dat eng Plo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo!

Dir léiw Leit alleguerten, lauschtert ganz gutt no,

Mir schwätze vun engem Iwwel, et ass esouguer eng Plo,

Si nenne sech Rappdeckel, mee a Wiirklechkeet sinn si,

Sou richteg ruppeg Rotzerten, ewéi si, esou gi mir ni!

Jo, jo, jo, jo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo,

Nee, wat sinn déi schro,

A wat sinn déi blo,

Wat ass dat eng Plo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo!

Si soe si wire blo, mee si sinn zevill blo,

Sou blo ka guer kee Mënsch méi sinn, si si ganz einfach schro,

Si sinn esou ganz anescht, esou friem an onbekannt,

Sou schrecklech onmannéierlech, wéi dir soss guer kee fand!

Jo, jo, jo, jo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo,

Nee, wat sinn déi schro,

A wat sinn déi blo,

Wat ass dat eng Plo,

Wat sinn déi Rappdeckele blo!

4. Nees bei de Rappdeckelen:

Flëpp: Kinék, Kinék,...

Robert: Wie rifft mech?

Flëpp: Ech Kinék, ech, de Flëpp.

Robert: A jo, do ënnen! Also Flëpp, wéi eng Noriicht bréngs du dann dës Kéier? Hunn déi Fatzerte vu Fatzbeidelen elo hir Nuesen ofgedoen; kommen se ire bei eis, fir sech ze entschëllegen, a fir mech, de grousse Kinék Robert vu Rappdeckel zum vereenegte Kinék vun alle Rappdeckelen a Fatzbeidelen ze kréinen?

Flëpp: Nee, Kinék!

All: Nee?

Robert: Wéi, du wos et, mir, déngem Kinék ze widerspriechen?

Flëpp: Nee!

All: Nee! En huet schon erem nee gesot!

Robert: E mengt iewer jo!

Flëpp: Jo!

Robert: Gesidd der, elo huet e jo gesot! Da soll en elo verzielen!

Flëpp: Kinék, et ass schrecklech!

Robert: Jo, dat hues de schon eng Kéier gesot!

Flëpp: Et ass nach schrecklecher!

E1 & E2: Schrecklecher!

E3 & E4: Typesch!

Flëpp: Nee, typescher!

Irma & Jhang: Onmënschlecher!

Flëpp & Sonni: Eben ...

E1 & E2 & E3 & E4: ... fatzbeidelecher!!!

Sonni: A wat ass dann lo?

Flëpp: Se hunn elo och nach GIEL, nee schassgiel Hitt op!

All: Skandal!

Josée: Katastrof!

All: Mir mussen eis wieren!

Robert: Rappdeckelen aus dem ganze Land, elo heescht et Charakter weisen! Mir mussen elo fest zesummestoen, fir dëse schwéiere Schlaach vun eisen Erzfeinden, de Fatzbeidelen, ze paréieren. Mee mir fäerten se net, mir schloen zréck!

All: Mir schloen zréck!

Josée: Mee wéi, Kinék, wéi?

Robert: Mir doen och eis Hitt op, mee déi blo, déi bléiblo!!!

 

D‘Lidd vun de Rappdeckelen:

Iel, iel, iel, iel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel,

Nee, wat sinn déi schiel,

A wat sinn déi giel,

An och scho ganz wiel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel!

Dir léiw Leit alleguerten, lauschtert ganz gutt no,

Déi Fatzbeidelen dohannen, dat ass eng ganz grouss Plo,

Si si net giel, si si méi wéi giel, esou elle wéi der Doud,

An och nach domm a blöd derbäi, et ass eng schrecklech Nout!

Iel, iel, iel, iel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel,

Nee, wat sinn déi schiel,

A wat sinn déi giel,

An och scho ganz wiel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel!

Scho Joeren a Joer, liewen si déi Säit,

a siche vu moies bis owes, ëmmer nëmme Sträit,

Si sinn esou ganz anescht, esou friem an onbekannt,

Sou schrecklech onmannéierlech, wéi dir soss guer kee fand!

Iel, iel, iel, iel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel,

Nee, wat sinn déi schiel,

A wat sinn déi giel,

An och scho ganz wiel,

Wat sinn déi Fatzbeidele giel!

 

5. Bei der Mauer:

An der Zwëschenzäit treffen sech de Romain an d‘Juliette heemlech bei der Mauer. Si schaffen eng Zäitchen un de Steng an da geléngt et hinnen, e Lach an d‘Mauer ze maachen.

Juliette: Oh Romain, a wéi gesäis du dann aus?

Romain: Nëmme Juliette, du bass och net besser, mat dénger laanger Nues! Et kënnt een dech bal fir eng Hex aus dem Euro-Disney halen.

Juliette: A mat déngem komeschen Hutt kënns du de Klon am Zirkus spillen!

Si laachen.

Romain: T’jo, et gesäit net gutt fir eis aus! An der Lescht sinn d‘Fatzbeidelen an d‘Rappdeckelen erem nees schéin hannertenee geroden!

Juliette: Jo, mäi Papp, de Kinék Alex vu Fatzbeidel, huet de Rappdeckelen de Krich ugekënnecht!

Romain: A mäi Papp, de Kinék Robert vu Rappdeckel, huet de Fatzbeidelen de Krich ugekënnecht!

Mee enges Daags am Summer

Joeren a Joeren kenne mir eis schon a mir hunn eis och ganz gär;

Mee d‘Liewen ass haart, wéi eisen Eltren hiert Häerz, eis Léift steet ënnert kengem gudde Stär.

An dobäi kënnt alles esou schéi sinn,

Kënnte mir eis nëmme méi dachs gesinn.

Mäi Papp ass esou stur an och ganz streng, hie léisst mech net eraus;

Hie seet du wiers béis a schlecht fir mech, hie späert mech dachs an d’Haus,

An dobäi kënnt alles esou schéi sinn,

Kënnte mir eis nëmme méi dachs gesinn.

Mee enges Daags am Summer, räisse mir dës Mauer of;

Dann ass Schluss mat dësem Spill.

Egal wat si soen, si kréien hir Strof, mir räissen déi Mauer of.

Wëll dëst Liewe bitt vill ze vill;

Déi eng si blo, déi aner giel, a si si géinteneen;

Si bekucke sech net, si lauschtere net, si schwätze net mateneen.

An dobäi kënnt alles esou schéi sinn,

Kënnte mir eis nëmme méi dachs gesinn.

So Juliette lauschter, komm dës Säit, hei ass et och ganz flott.

Tatsächlech Romain, ewéi bei eis, déi Mauer gehéiert op de Schrott.

An dobäi kënnt alles esou schéi sinn,

Kënnte mir eis nëmme méi dachs gesinn.

Mee enges Daags am Summer, räisse mir dës Mauer of;

Dann ass Schluss mat dësem Spill.

Egal wat si soen, si kréien hir Strof, mir räissen déi Mauer of.

Wëll dëst Liewe bitt vill ze vill.

 

 

6. Gefesselt:

D‘Juliette an de Romain ware no hirem Lidd bei der Mauer entschlof! Si si vun de Spiounen entdeckt a verrode ginn.

Flëpp & Metti: Jiddereen op sénger Säit vun der Mauer Kinék, Kinék,...

Robert & Alex: Wie rifft mech?

Flëpp & Metti: Ech Kinék, ech!

Robert & Alex: A jo, do ënnen,... Wat hues de ze mellen?

Flëpp & Metti: Séier, Kinék, alarméiert Är Arméien! Do ënnen, op eiser Säit vun der Mauer, schléift d‘Kinékskand vun den Erzfeinden!

Robert & Alex: Séier, Leit, gräift zu de Waffen! Dee Brot do, loosse mir eis net entgoen!

Déi zwee Kinékskanner ginn iwwerwältegt, gefesselt a festgebonnen!

© Roland Meyer


Sou, méi soll op dëser Plaz nët verrode ginn. Sot eis w.e.gl. wéi iech dëst Stéck bis elo gefällt. Wann dir et gutt fond hutt, da spille mir et nach eng Kéier!