E Meedche verschwënnt enges Dags einfach esou an enger geheimnisvoller Maschinn. Säi Kolleg mécht sech op d'Sich no him, a begéint enger Hellewull Figuren, déi mir all gutt kennen: Pippi Langstrumpf, Harry Potter, Tom Sawyer, „Die Fünf Freunde“... An op eemol wees kee méi, wat Wiirklechkeet a Fantasie ass, wat Virstellung a wat Realitéit. Kënnen hier Elteren hinnen hëllefen? Hu si ieren och Pflichten?
Froen iwwer Froen!
D'Michelle ass en immenst fläissegt Meedchen: hatt botzt, streckt a wäscht, ass eng Meeschterkächen, méint de Wues, mecht de Vidange vum Auto a sträicht un. An trotzdem seet säi Papp, hatt hätt zwou lénkser Hänn, hatt wier eng Draamdänzerin.
De Victor, säi Kolleg, fënd dat zimlech donieft, an zesumme wëllen si dem Papp elo emol weisen, wat si alles kënnen. Si maachen sech mat enger geheimnisvoller Maschinn op de Wee an eng Welt, wou déi bossegst, komeschst a fantasteschst Gestalte liewen, an d'Welt vun de Bicher, an d'Welt vun der Fantasie: Pippi Langstrumpf, Harry Potter, Tom Sawyer, Die Fünf Freunde... An op eemol wees kee méi, wat Wiirklechkeet a Fantasi ass, wat Virstellung a wat Realitéit. Kënnen hier Elteren hinnen hëllefen? Hu si och Pflichten?
Den Holzwuerm - Park Housen ass d'Kannertheaterequipe aus dem Uewergrad vun der Housener Zentralschoul. Et gëtt dës Equipe schonns zënter 11 Joer a gëtt vum Roland Meyer geleet. Entstanen ass si 1994/1995 an der Holzthumer Schoul, a vun dohier kënnt och nach de Numm. Zënter 1995 hunn d'Kanner net manner wéi 14 verschidden Theaterstécker opgefouert, déi alleguer Eegeproduktioune, vum Schreiwen iwwer d'Prouwen bis bei d'Spille sinn.
D'Kanner aus diene verschiddene Klassen treffen sech déi fräi Nométteger fir ze prouwen, an och d'Schoulmeeschteren, déi am Grupp hëllefen, schaffe fir näischt mat de Kanner an hirer Fräizäit. Nieft "Außer Rand und Band" vum leschte Joer, waren "Iwwer der Leeder", "Dem Kinnek säi Gaart", "Spring auf!" an "Eng Foto vum Klëppelkrich" grouss Succès'en fir den Holzwuerm.
Ausser dem Theater, der Pantomime, dem Film an der Expression corporelle huet den Theatergrupp nach zwee weider fest Bestanddeeler: den Zirkus an d'Mus&eacut;k mat Choreographien. Wien "Bei der Däiwel", "Am Land wou de Peffer wiisst" oder "D'Geheimnis vum Schlass" gesinn huet, die konnt sech vun dier flotter Mëschung iwwerzeegen...
Den Entrée ass fräi.
Extravirstellunge si méiglech!
All Schoul kritt een DVD vun "Außer Rand und Band", dem Musical vum leschte Joer.
Umeldunge fir d'Schoulklassen:
Roland Meyer
9, rue Kemel
L-9831 Consthum
Tel. privat: 92 03 95
Tel. Schoul: 92 95 98 238 (moies) Fax: 92 95 98 248