Hei ass eis Chrëschtgeschicht vum Joer 2002.

Dir kënnt se liesen an och opféieren.

Gitt w.e.gl. bei der Opféierung ëmmer den Auteur un a sot him Bescheed.

Merci!

 

De Spillmann – Eng Chrëschtgeschicht

 

©Roland Meyer

 

 

Et fänkt mat engem gestallte Bild un. Et gesäit een op der Bühn e groussen Dësch, dee festlech gerëscht a gutt gedeckt ass. Eng Bauerefamill sëtzt em den Dësch; si sinn am gaang ze baffen.

 

Erzieler aus dem Off : Dëst, léif Leit heibannen, soll eng Chrëschtgeschicht sinn. Wéi Dir all wësst, si Chrëschtgeschichte ganz dacks traureg a gi schlecht aus. A wëll dat hei eng richteg Chrëschtgeschicht ass, ass och si traureg a geet schlecht aus. Dofir, maacht Iech et elo bequem, huelt Är Nueschnappécher eraus a genéiert Iech net, fir ze kräischen. An der Chrëschtzäit deet dat ganz gutt.

 

Virum Dësch danzen e puer Koppelen; donieft sëtzt de Spillmann op séngem Instrument ze spillen an ze sangen. D‘Stëmmung ass ausgeloossen. Elo kënnt den Erzieler eraspazéiert, zwëschen den onbeweegte Persoune vum gestallte Bild.

 

Erzieler: D‘Berthe an de Jous waren sech scho laang versprach. Als Kanner hu si matenee gespillt. Jo, schonn deemools soten d‘Leit, d‘Berthe vum Héngerhaff, dat kritt eng Kéier de Jous vum Kanéngercheshaff. An esou ass et och komm. Haut feieren déi zwee hir Hochzäit. Kuckt, wéi ausgelooss se danzen. Hir Famille baffen, wéi wann se nach ni eppes kritt hätten. Een Ochs an zwee Schwäin hu se geschluecht, Kuchen an Taarten, kee Mënsch ka se zielen, Béier a Wäin, et leeft hinnen d’Baken an de Kënn erof. An hei, d‘Tata Suss bréngt grad de Likör an d‘Drëppen eran. O mei, elo glënneren hir Aen, elo fonkelen hir Nuesen, elo wackelen hir Oueren an elo kraacht et am Geträips.

Deen do uewen, dat ass de Spillmann, de Karel. Hien ass op all Hochzäit, Kanddaf, Kommioun, Kiirmes a Begriefnës. Iwwerall, wou d‘Leit wëllen danzen, laachen a sangen, do ass hien ze fannen. Hie kritt och nach déi knouteréchst Bomi, dien déckste Paschtouer an die gréisste Lidderhanes un d‘Rullen.

Sou, an elo genug geschwat, elo geet et lass!

 

Op een Zock beweegt sech dat ganzt Bild, dat virdrun net bougéiert huet.

 

Lidd 1:

 

´t ass Kiirmes am Duerf

an de Spillmann ass do,

déi Jonk, déi danzen, déi Al, déi kucken no.

 

De Bert danzt mam Bäerbel, an d‘Franzel mam Franz,

Mazurka a Polka a Konterdanz.

 

Knapps datt se eng Walz hannert sech hunn,

da fänken se gläich mat dem Minnewéi un.

 

D‘Mareikätt gloust a pëspert mam Klees,

an de Jängi gëtt heemlech dem Jeanni eng Bees.

 

Den Tun seet zum Tréischen:“Ech hunn dech esou gär!“

an Tréischen zum Tun:“Mir gi muer bei den Här!“

 

 

Elo halen d‘Leit op mat danzen, an den ale Bauer kënnt no vir. Hie rifft esou haart en nëmme kann.

 

Ale Bauer: Ass et da bal roueg, nondikass nach eemol, dann haalt elo mol är Schnëss zou! Kuckt iech en un, dien ale granzege Wiirt. Hie mécht elo gären zou, grad dann, wann et am lëschtegsten ass. Jo Leit, da paackt är Saachen a maacht datt der heem kommt.

 

An deem Abléck kënnt de Spillmann bei dien ale Bauer.

 

Spillmann: So Bauer, du weess jo, dass dëst déi lescht Hochzäit fir dëst Joer war.

 

Ale Bauer: Jo, dat weess ech.

 

Spillmann: Ma da weess du jo och, datt elo de Wanter ugeet.

 

Ale Bauer: Natiirlech weess ech als Bauer och, datt elo de Wanter ugeet, Chrëschtdag steet virun der Dir.

 

Spillmann: Maja, ale Bauer, du bass wiirklech e gescheite Mann! An da weess du jo och sécher ganz bestëmmt, datt esou ee Spillmann, wéi ech ee sinn, dee ganze Summer muss iwwer Land zéien, hei eng Hochzäit, do eng Kiirmes. Do huet eiseree keng Zäit, esou wéi‘s du, d‘Kelleren an d‘Späicheren ze fëllen.

 

Ale Bauer: Maja, dat kann ech mer denken!

 

Spillmann: An däi Schapp, ech hu mer en ugekuckt, ass voll Holz, déng Scheier voller Fruucht, déng stengen Dëppe si gefëllt mat Sauermouss; an dénge Bidde leien eng Hellewull Schwäin am Solper. Déng Haascht hängt voller Hamen an an déngem Keller friessen d‘Meis elo schonns d‘Gromperen, esou voll sinn d‘Këschten.

 

Ale Bauer: Jojo, Karel, dat elo ass jo alles schéin a gutt, nëmme wat häss du da gären?

 

Spillmann: Kuck emol, de ganze Summer waars du fläisseg an hues fir de Wanter virgesuergt; dir kann am Wanter näischt méi geschéien.

 

Ale Bauer: Wourops de ee loosse kanns!!

 

Spillmann: Ech awer, ech war och net liddereg, am Summer, ech hunn och vill geschafft. Ech si vun Duerf zu Duerf gezunn, ech hunn de Leit mat ménger Musék vill Freed gemaach, ech hunn hir Fester eréischt festlech gemaach, ech hunn aus hiren Hochzäiten eréischt richteg Hochzäite gemaach. Ech sinn iwwer Land gehetzt, fir ëmmer zur Zäit op all Kiirmes ze sinn; op all Bal hunn ech bis spéit an d‘Nuecht era gespillt, a wann d‘Leit schlofe gaange sinn, dann hunn ech méng Gitar agepaackt, a mech nees aus dem Stëps gemaach, wëll dien anere Mëtteg war am Nopeschduerf schonns erem Kanddaf, an do gouf ech gebraucht.

 

Ale Bauer: Esou soll dat sinn, dofir hu mir dech, Karel!

 

Spillmann: O jo, d‘Leit sinn ëmmer frëndlech a léif mat mir, iwwerall krut ech mat ze drénken a mat z‘iessen. All Dag en anert Festiessen! - Nëmmen elo am Wanter si keng Fester méi, an elo weess ech bis d‘Fréijor net méi, wou ech bleiwe soll - a wat ech iesse soll.

 

Ale Bauer: Mee Karel, du hues dir dat jo iewer selwer esou erausgesicht!

 

Spillmann: So ale Bauer, hues du net e bësse Matleed mat mir? Kënnt ech net iwwer de Wanter an dénger Scheier bleiwen? Ech wëllt och nëmmen heiansdo en Teller Bounenzopp mat, oder e puer gebootschte Gromperen. Weess du, ech sinn net verwinnt, ech komme mat bal näischt aus.

 

Ale Bauer: Hohoho, dat ging dir nawell passen! Mir an der Scheier mäi Proviant ewegbotzen a soss op der liddereger Panz leien. Entweder du bezuels mir däin Iessen an Drénken, oder du flitts eraus!

 

Spillmann: Ma Bauer, du weess dach, datt ech näischt hunn. Ech kënnt dir an dénger Famill iewer all Owend hanner dem Uewen Lidder sangen oder Geschichte verzielen. Da wären d‘Nuechten am Wanter net esou laang.

 

Ale Bauer: Elo maach iewer, dass du séier eraus hei kënns, Männchen, soss kriss du vu mir de Bockel gestréilt. Du bass do fir op de Fester ze sangen an ze spillen. Wa keng Fester sinn, hues du näischt bei eis verluer. Mat esou engem wéi dir hätt ee jo keng Rou méi am Haus. Um Enn hätt en d‘Haascht eidel gefriess a sech mat der Fra duerch d‘Bascht gemaach. Fort elei, aus méngen Aen, soss léiers du mech emol kennen! Wa mir dénger brauchen, da ruffe mir dech schonn!

 

 

Den ale Bauer verschwënd vun der Bühn. D‘Leit si bal all heem. De Spillmann geet bei de Metzler.

 

 

Spillmann: So Metzler, du bass jo e räichen a verstännege Mann, dir feelt et dach un näischt. Kann ech net iwwer de Wanter bei dir bleiwen? Heiansdo eng kleng Mettwurscht oder e Fierkelsjelli, méi bräicht ech net bis an d‘Fréijoer eran.

 

Metzler: So Spillmann, ech mengen du hues se net méi all der Rei no! De ganze Summer bass du op der Rull a liefs an den Dag eran, an elo op eemol soll ech dech a méng Wurschtkiche loossen. Ma léiwe Karel, fir wéi domm häls du mech? Maach dech séier iwwer d‘Schnouer!  Wa mir dénger brauchen, da ruffe mir dech schonn!

 

 

De Metzler verschwënd. De Karel leeft hin a hier. Hie weess sénger Hänn kee Rot méi. Hei do kënnt de Buergermeeschter eran.

 

 

Spillmann: Ah, Här Buergermeeschter, ech wousst jo, datt ech nach ee Mënsch ging fannen, dien et gutt mat mir mengt.

 

Buergermeeschter: Hei kuck emol, eise Karel. Schéin hues du haut gespillt, mäi Jong! Lauschter emol: dat nächst Joer gëtt mäin Ugenie bestuet, am Summer. Mir zielen op dech, Spillmann, et gëtt kee bessere wéi dech an der ganzer Géigend. Maach dass de do bass!

 

Spillmann: Natiirlech, natiirlech, Här Buergermeeschter, fir Iech an Är Duechter sinn ech ëmmer um Dill. Nëmme sot, ech hunn do nach eng Klengegkeet um Häerz, a wëll Dir jo als Buergermeeschter fir jiddereen do sidd, wollt ech emol mat Iech schwätzen.

 

Buergermeeschter: Allez, Karel, net gezéckt, eraus mat der Sprooch!

 

Spillmann: Maja, Excellence, et ass dat heiten: Ech hu jo de ganze Summer op all Fest hei an der Géigend opgespillt. An dobäi hat ech du keng Zäit no enger Wunnéng fir de Wanter ze sichen. Elo weess ech net, wouhin ech goe soll. Ech hu keen Dag iwwer dem Kapp!

 

Buergermeeschter: Ma Karel, dat do ass jo eng traureg Geschicht! Nëmme wat soll ech do maachen? Ei, elei kënnt de Paschtouer, dat ass dee richtege Mann fir esou Saachen.

 

 

De Paschtouer kënnt eran.

 

 

Spillmann: Bonjour Här, ech si jo esou frou, Iech hei ze begéinen.

 

De Paschtouer begréisst déi zwee.

 

Buergermeeschter: Jo Här, eise Karel weess sénger Hänn kee Rot méi! Hien huet dee ganze Summer iwwer gefeiert, an elo huet e keen Daach méi iwwer dem Kapp fir de Wanter!

 

Mat dëse Wierder mécht de Buergermeeschter sech séier aus dem Stëps.

 

Spillmann: Ma Här, Dir wësst dach och, datt ech am Summer keng Minutt Zäit hat, fir virzesuergen. An elo hunn ech kee Leër fir de Wanter. Ech kann dach net dobaussen ënner de Brécke schlofen, an de Botz vun de Mauere friessen.

 

Paschtouer: Karel, dat häss du dir éischter iwwerleë sollen. Jiddereen huet säi fräi Wëllen a ka maachen a loosse wat e wëllt. Elo ass et ze spéit. Elo ass d’Chrëschtzäit, do huet ee keng Zäit fir esou Spillmanns-Litti an Trallala.

 

Spillmann: Här Paschtouer, Dir hutt dach esou e schéint Haus, ass dann doranner net iergendswou nach e Schloff fir mech? An Är Käche bräicht och guer net extra fir mech ze kachen. 

 

Paschtouer: Ma Karel, du bass awer gutt geroden. Esou kënnt jo jidderee kommen. Wa mir dénger brauchen, da ruffe mir dech schonns!

 

Mat dëse Wierder verschwënd de Paschtouer vun der Bühn. De Karel sëtzt sech enttäuscht néier, hëlt séng Gitar a séngt e ganz trauregt Lidd.

 

Lidd 2:

 

Dëst ass déi däischterst Stonn,

an dier däischterster Nuecht.

Ech hu kee Mënsch méi font,

Dee méng Aarbécht uecht.

 

Da loosst mech eran!

Nee, déi Dir bleift zou!

Et ass mir esou kal.

 

De ganze Summer gespillt,

fir alle Leit Freed ze man,

elo hunn ech d‘Keelt gefillt,

esou äiseg sinn hir An.

 

Da loosst mech eran!

Nee, déi Dir bleift zou!

Et ass mir esou kal.

 

 

Dono mécht de Karel sech nees op de Wee; hien tockt u sëllechen Diren, mee néierens gëtt him opgemaach. Iwwerall gëtt hie fortgeschéckt.

 

Dobaussen ass et elo däischter ginn. Et ass kal. De Karel sëtzt sech an en Eck, a leet eng Decken iwwert sech. Mee et gesäit een him of, datt d’Keelt duerch d’Decken zitt.

 

 

Erzieler: ’t jo, esou kann et engem goen! Elo sëtzt eise Karel ganz alleng an der Keelt op der Strooss. Vun all dienen dichtege Leit wollt keen him en Ënnerdag fir de Wanter bidden. An dobäi sinn elo iwwerall d’Chrëschtluuchten un, an den Heiser ass et gutt waarm, d’Chrëschtbeemercher fonkelen an alle Faarwen.

 

E klengt Meedche mat Fixspéin (cf. Andersen) kënnt bei de Karel gehopst. Hatt setzt sech nieft hien ënner d’Decken a fängt eng Käerz un.

 

Erzieler: Dat klengt Meedchen hei kennt Dir all! Et ass d’Meedche mat de Fixspéin. All Kéier, wann hatt e Fixspoun umécht, da gëtt et waarm, an dann erënnert de Karel sech un déi schéin an ausgeloosse Stonne vum leschte Summer.

 

D’Meedche fängt e Fixspoun un. Zirkusmusék mat Optrëtt.

 

Karel: O, wéi war dat schéin am Summer! Komm séier, fänk nach een un!

 

D’Meedche fängt nach e Fixspoun un. Zirkusmusék mat Optrëtt.

 

Karel: Jo, dat war am Summer! Séier nach een, et ass esou schéin!

 

Meedchen: Elo hunn ech kee méi! Dat war dee leschten! Kuck, och eis Käerz geet elo aus!

 

Et gëtt ganz däischter op der Bühn, aus dem Hannergrond kënnt eng duuss Chrëschtmusék. Evtl: Aspillunge vun originale Radiosnouvelle vun ausgewisene Flüchtlingen, oder Flüchtlingen, déi guer net an Europa erakommen däerfen, oder Flüchtlingen, déi um Mier dreiwen an déi keen u Land léisst...

 

©Roland Meyer