I balloni luminosi



De neie Musical vum Holzwuerm-Park Housen
Am Mee zu Maarnech am Cube 521



E Musical vu Kanner fir Kanner vu 4 bis 121 Joer, gespillt vun de Kanner vum “Holzwuerm”, geschriwwe vum Roland Meyer

Wann ee wëllt zu eppes kommen, da muss een och eppes dofir maachen!
Dat weess och de Michele an dofir mécht hien sech op de Wee bei den Zirkus Marconi. Wëll do waarden op die beschte Jongleur vun der Welt déi schéinsten, wäertvollsten an berühmste Bäll vun der Welt: I balloni luminosi.
Wéi dunn iewer grad an deem Moment, wou de Michele am Zirkus ukënnt, dës ominéis liichtent Bäll geklaut ginn, entwéckelt sech ee spannende Krimi an deem eisen Held, méi séier wéi e kucke kann, verdächtegt gëtt, eppes mat dësem schreckleche Verbriechen ze dinn ze hunn…
I balloni luminosi : Eng rasant, opreegent, turbulent, spannent a beréierent Geschicht iwwer een, dien den Éiergäiz hat, eppes ganz Besonnesches ze erreechen an iwwer all déi Ëmweeër, déi en dofir huet misse maachen.
An zum Schluss bleift ëmmer nach d'Fro: sinn ech elo méi zefridden, sinn ech elo glécklech?



Virstellungen:
Méindes, de 14.5. moies um 9.15 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Dënschdes, de 15.5. moies um 9.15 Auer
Mëttwochs, de 16.5. moies um 9.15 Auer
Freides, den 18.5. moies um 9.15 Auer a mëttes um 14.15 Auer
Samschdes, den 19.5. moies um 9.15 Auer an owes um 19.30 Auer

all Kéier am Cube 521 zu Maarnech



ONLINE UMELDUNG

INFORMATIONEN UND RESERVATIONEN

oder um: 929598 240

Den Entrée ass fräi !






Den Holzwuerm an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Theaterschoul