|
D'Buch zum Musical:
"Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen"
bei "Op der Lay"
De Roland Meyer ass mëttlerweil ee vun deene wichtegstens Auteuren an der lëtzebuergescher Kannerliteratur. Schliesslech gi seng Bicher mëttlerweil vun Dausende Kanner a Jonker gelies: Nom grousse Succès vun Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo), Iwwer der Leeder (2. Oplo), Den décken dommen Dudu (2. Oplo), Mission Geheimer Stollen a Mango Panda huet hien a sengem neiste Buch un déi nach méi kleng Kanner, sou ongeféier am 3. oder 4. Schouljoer, geduecht an hinnen och eng immens flott a spannend Geschicht an eiser Sprooch geliwwert.
De Barry Lee ass e Jong aus Schottland, deen hei zu Lëtzebuerg liewt an no sengem Papp verlaangert. Well de Barry weess, datt säi Papp e berühmte Piratekapitän a fir zéng Joer op enger wichteger Missioun an Uruguay ass, wëllt hien e mat sengem beschte Frënd, dem Pit, dohinner besiche goen. Wéi eng Expeditioun se dann do duerchzéien a wéi déi ausgeet, dat liest der awer besser selwer an dësem spannende Buch!
Gollo Steffen - Op der Lay
|