Rett eis Äerd!

1. Szen:

De Rido ass zou. Virun dem Rido leien zwou Decken um Buedem. Zwee Kanner am Pijama komme virun de Rido op d'Bühn, dat eent streckt sech a gaabst.

Vero: Oh mei, wat sinn ech midd!

Vera: A vu wat bass du dann esou freckt?

Vero: Ma mar hu mir dach déi schwéier Vokabelsprüfung, zwanzeg Säiten am gringen Heft, iwwer 600 Vokabelen: franséisch-franséisch! An ausserdeem, freckt seet ee net, dat heescht futti!

Vera: Nondikass, elo hat ech dat iewer bal vergiess! So hues du däin Heft net zoufälleg derbäi? Da kënnt ech do grad emol eraluussen!

Vero: So, Vera, ech mengen do hues se net all der Reih no! Du wäers dach elo net mengen, wanns du gemittlech eng Kéier duerch dat Heft hei blieders, da wéisst du mar déi sëlleche Konstrüktiounen!

Vera: Konstrükwaaaat! Ass dat ire schon ee Vokabel?

Vero: Ma du bass iewer villäicht een Trampel! Eng Konstrüktioun ass eppes ewéi ee Gebei aus Wierder. Do muss een de Süjä huelen, hannendrun de Prädikat tesselen, an da feelt nach jhust e Kompläment a fäerdeg ass eis Konstrüktioun simple! Hues de verstanen?

Vera: Also net esou richteg, iewer schon e bëssen! Weess de, haut huet de Claudi mir och ee Kompläment gemaach!

Vero: A nee, Vera, esou hat ech dat iewer net gemengt! Nëmme wat sot hien dann zu dir?

Vera: Ma hie sot, ech hätt schéin Zéiweneel!

Vero: Nun hal iewer op! Wou huet hien dann déng Zéiweneel gesinn?

Vera: Ma Vero, de leschte Méindeg an der Schwämm.

Vero: Ajo, de Claudi huet missen an der Halschend vun der Schwammstonn aus dem Waasser, wëll en op eemol schrecklech aus dem Been gebludd huet.

Vera: Maja, ech hat hie grad giedlech mat méngem Fouss bei der Wued erwëscht. A wéi en dun aus dem Waasser gesprong ass, huet hien esou haart, wéi e nëmme konnt, gebrëllt, ech hätt iewer schéin Zéiweneel, schéi schaarfer! Hues du dat da net héieren? Also d‘Michèle hat et och héieren, an hatt war direkt jalous, wëll weess de, hatt wëllt jo schons en halleft Joer mam Claudi goen. Mee hatt krut e nach ni esou ze paacken!

Vero: Oh, Vera, du denks iewer och nëmmen un d‘Jongen! Wann ech vun de Komplämente schwätzen, dann denks du eenzock un dem Claudi säi bluddegt Been. Looss mech elo roueg, ech wëll méng Vokabelen nach eng Kéier repetéieren. Du kanns jo scho schlofen, a vum Claudi an dénge wonnerschéinen Zéiweneel dreemen!

Vera: Ah, du bass jo och scho jalous! Ma esou eppes liewt dach net! All si se hannert dem Claudi hier. Mee nëmme mir mécht hien esou Komplämenter! Nuecht, Vero, an dreem schéi vun dénge Konstriksbounen!

Vero: Jo, schlof gutt, Vera. Bis mar, an der Vokabelsprüfung!

D‘Vera dréit sech em, a fänkt direkt mat schlofen un. D‘Vero hëllt säin Heft nach eng Kéier, fir d‘Vokabelen ze widderhuelen.

Op eemol héiert een e Geräisch. D‘Vero kuckt eng Kéier op, mee wëll elo näischt méi ze héieren ass, léiert hatt weider.

Mee do héiert een d‘Geräisch nach eng Kéier, ganz däitlech! D‘Vero spréngt op an erwecht d‘Vera.

Vero: Ohhhh, Vera, hues du dat grujhelecht Geknouters do och héieren?

Vera: Ma nee, Vero! Elo hat ech a méngem Dram de Claudi jhust emäerbelt, an da verziels du mir esou komesch Geschichte vu grujhelechem Geknouters! Looss mech weiderschlofen, ech weess net ob ech de Claudi nach eng Kéier esou ze paacke kréien!

Déi zwee Meedercher leën sech erem néier. D‘Vera fänkt direkt nees u mat schnaarchen, d‘Vero léiert Vokabelen.

Hei do ass d‘Geräisch nees, dës Kéier ganz no!

Déi zwee sprange mateneen op, kucken em sech a verstoppen sech nees séier ënnert den Decken. Si luussen eraus.

Lidd: A wat ass dat?

Hues du dat héieren

wat ech erféieren

ech ka net méi léieren

ech ka mech net réieren

Oh wat mäin Häerz klappt

wann et un der Dir rappt

séier ënnert d‘Decke gezappt

soss hu se dech geschnappt

Wéi ass déi Nuecht esou däischter

Wéi ass dat Haus esou eidel

Ech mengen et komme Gespenster

ech hu keng Rou --- schon halwer zwou!

Wat ee Gerabbels,

an ee Gebabbels,

esou ee Gebraddels,

an ee Gesabbels.

Do gëtt gehummert,

huet do ee geduddert,

oh, wat et mech schuddert,

séier zesumme gekluddert.

Wéi ass déi Nuecht esou däischter

Wéi ass dat Haus esou eidel

Ech mengen et komme Gespenster

ech hu keng Rou --- schon halwer zwou!



2. Szen:

Virum Rido tauchen 2 Marsmännercher op.

Déi 2 Meedercher brëllen esou haart wéi se nëmme kënnen a krauche ganz ënner d‘Decken.

D‘Marsmännercher kucken sech un, a ginn op d‘Meedercher zou.

Mat engem Ruck zéien si d‘Decken eweg, d‘Meedercher huelen sech an den Arem an zidderen.

D‘Marsmännercher sangen d‘Trance-Lidd

Chirurgie, Autopsie,

Anomalie, Logopädie,

Dysbasie, Therapie,

Schizophrenie, Psychiatrie,

Dyslexie, Anorexie,

Radiographie, Tata Ugenie.

Esou versetzen si d‘Meedercher an Trance. Elo geet de Rido op. D‘Bühn ass d‘Kapsel vun enger Rakéit, déi start, wann déi 4 dobanne sinn.

Rob1: Ten, nine, eight, seven, six, five, four,three, two, one, zero, ... fire!

Vera: Ech kann et nach guer net gleewen, Vero, mir fléien an enger richteger Rakéit!

Vero: Esouvill Knäppercher a Schalteren, do kann dach kee Mensch méi Bescheed wëssen!

Vera: Ech fannen dat hei jiddefalls méi cool, wéi déi topech Vokabelsprüfung mar!

Vero: Haut!

Vera: Wat heescht dat, haut?

Vero: Ma et ass elo scho laang no Mëtternuecht! Also maache mir haut d‘Vokabelsprüfung!

Vera: Haut oder mar, dat ass dach egal! Wéi et elo ausgesäit, maachen ech iwwerhaapt keng Vokabelsprüfung, weder haut, nach mar! Nëmme kuck der déi komesch bleche Béxen emol un. Sou eppes hunn ech iewer nach ni gesinn!

Vero: Ma dat si Roboteren. Ech hu mir e Buch iwwer d‘Roboteren an der Schoulbibliothéik ...

Vera: Sief roueg! Wanns du nach eng Kéier dat Wuert Schoul an de Mond hëls, da katapultéieren ech dech an déi onendlech Wäite vum Universum. So kuck dach nëmmen, hei ass dach eppes lass, hei ass et méi flott wéi an dénger blöder Schoulbibliothéik. Sou, an elo froen ech emol, wat déi Jonge gäre vun eis hätten. He, du komesch Sardinnebéx, ... , so brauchs du net nozelauschteren? ... jo, du, ech schwätze mat dir ...

Vero: Vera, looss en, villäicht ass e geféierlech!

Vera: Deen a geféierlech! Kuck der dee rabbelechen Aarmut dach nëmmen un!

D‘Vera geet bei de Roboter 1 a klappt him uerdentlech op de Réck.

Vera: So bass du daaw? Kanns du net äntweren, wann een dech eppes freet?

Rob1: Ech si net daaw, mee ech hat méng Oueren op Standby!

Vero: Vera, da looss en dach roueg, ech fäerten.

Vera: Maja, du Rabbelkapp, da schalt déng Lauschtermaschinne nees an, an e bëssen dalli, wann ech gelift!

Rob1: Lauschterprogramm starten!

Rob2: Lauschterprogramm leeft!

Rob3: Autodolmetscher leeft!

Rob4: Feeler am Autodolmetschersystem!

Rob5: Du muss mat Doppeltlitt an de Programm, du Tallef!

Vero: Dat heescht net Doppeltlitt mee Doppelklick! An ausserdeem ass et Kallef a net Tallef, du Iesel!

Rob6: Mir soen elo schon zënter 300 Joer Tallef!

Rob7: Tallef war Tallef, Tallef ass Tallef an Tallef bleiwt Tallef! Ass dat tloer?

Vera: Also du rabbelkäppege Schrottkoup, wa méng Schwëster seet, datt do e Ka a keen Te komme muss, da kanns du messerschaarf dovunner ausgoen, datt dat esou ass. Hat ass nämlech éiweg dat éischt an der Schoul, a wann et em d‘Bustawéiere geet, mécht keen him en Te fir e Ka vir! Hues du dat verstan, du Topert?

Rob4: Wat ass e Kopert, Kopert fannen ech net am Listing?

Vero: Kanns du och net fannen, wëll et en Te a kee Ka huet!

Vera: Krass, eng Schrottmille mat Sproochfeeler!

Rob3: Feeler am Autodolmetschersystem!

Vero: Hues de elo endlech verstanen?

Rob1: Gesäis de, Cyron, ech hat der jo gesot, datt déi zwee elo eis kënnte ganz nëtzlech sinn!

Rob2: Korrektur am Autodolmetschersystem!

Rob3: Ka gestrach!

Rob4: Duerch Te ersat!

Rob5: Tee gestrach!

Rob6: Duerch Ka ersat!

Rob7: Korrektur gesaved!

Vera: Hues de héieren, Vero, elo huet e Ka gesot!

Vero: Här Cyron, Dir hutt keng Manéieren! Wann een sech kenneléiert, da stellt een sech gefällegst vir!

Vera: Maja, dir Kaffisdousen, wéi heescht dir dann iwwerhaapt?

Robochouer:

Rob2: Cyron:

Bonjour, dir Hären an dir Dammen,

Ënnert Cyron kënnt dir mech fannen,

Ech sinn de Käpten vun deem schéine Schëff hei,

An elo ginn ech nees a méng Rei.

Ref: Mir si Weltraumroboteren,

a mir wëllen d‘Äerd eroberen

Rob1: Anatom:

Bonjour, dir Hären an dir Dammen,

Ënnert Anatom kënnt dir mech fannen,

Ech sinn de Funker vun deem schéine Schëff hei,

An elo ginn ech nees a méng Rei.

Ref: Mir si Weltraumroboteren,

a mir wëllen d‘Äerd eroberen

Rob3: Elektron:

Bonjour, dir Hären an dir Dammen,

Ënnert Eektron kënnt dir mech fannen,

Ech sinn de Chauffeur vun deem schéine Schëff hei,

An elo ginn ech nees a méng Rei.

Ref: Mir si Weltraumroboteren,

a mir wëllen d‘Äerd eroberen

Rob4: Metronom:

Bonjour, dir Hären an dir Dammen,

Ënnert Metronom kënnt dir mech fannen,

Ech sinn den Techniker vun deem schéine Schëff hei,

An elo ginn ech nees a méng Rei.

Ref: Mir si Weltraumroboteren,

a mir wëllen d‘Äerd eroberen

Rob5: Microphon:

Bonjour, dir Hären an dir Dammen,

Ënnert Microphon kënnt dir mech fannen,

Ech sinn den Dokter vun deem schéine Schëff hei,

An elo ginn ech nees a méng Rei.

Ref: Mir si Weltraumroboteren,

a mir wëllen d‘Äerd eroberen

Rob6: Agronom:

Bonjour, dir Hären an dir Dammen,

Ënnert Agronom kënnt dir mech fannen,

Ech sinn den Informatiker vun deem schéine Schëff hei,

An elo ginn ech nees a méng Rei.

Ref: Mir si Weltraumroboteren,

a mir wëllen d‘Äerd eroberen

Rob7: ´t ass een Hoon:

Bonjour, dir Hären an dir Dammen,

´t ass een Hoon, wëll dir kënnt mech net fannen,

Se hu keen Numm méi fond op deem schéine Schëff hei,

An elo ginn ech nees a méng Rei.

Ref: Mir si Weltraumroboteren,

a mir wëllen d‘Äerd eroberen



3. Szen:

Vera: Ma esou hunn ech iewer scho laang net méi gelaacht! Déi schappeg Rabbelkëschte wëllen d‘Äerd eroberen! A wéi stellt dir iech dat da vir?

© Roland Meyer


Sou, méi soll op dëser Plaz nët verrode ginn. Sot eis w.e.gl. wéi iech dëst Stéck bis elo gefällt. Wann dir et gutt fond hutt, da spille mir et nach eng Kéier!