Theaterstécker fir Kanner a Jugendlecher vum Roland Meyer

Hei kënnt Dir d'Stécker - bal - ganz liesen an Iech e Bild maachen. Just de Schluss feelt - bal - all Kéier.
Wann Iech eent gefällt an Dir et spille wëllt, da kënnt Dir den integralen Text hei gratis bestellen: Roland Meyer
Vill Freed beim Stöberen, Liesen a virun allem beim Spillen!
No 1 Dien éiwege Sträit zwëschen diene vu Rappdeckel an diene vu Fatzbeidel
Mëttelalter - Ritter - Romeo a Juliette - Viruerdeeler
Hei ass d'Stéck an der Originalfassung vu 1996.
Dëst Stéck gëtt et och an enger däitscher an en enger franséischer Fassung. Et kann een d'Sproochen da flott mëschen.
Dir kënnt dës Fassungen och hei bestellen.
Zu dësem Stéck gëtt et ee Koffer mat T-Shirten a Kapen.
Fir den Zikel 3 a 4.
No 2 Mam Kapp duerch d'Mauer
Piraten - Schëffer - Viruerdeeler - Gender
Fir den Zikel 2: De Pim, de Pam an de Pum erliewen en neit Abenteuer... mat Musik an op däitsch: Originalfassung C2.Et gëtt dëst Stéck fir ënnerschiddlech vill Rollen.
Fir den Zikel 3: Pirate wëlle mam Kapp duerch d'Mauer a kennen dobei - anscheinend - keen Erbaarmen ;-): Originalfassung C3 vu 1997.
Fir den Zikel 4: Wat heescht dat, wann ee piratekapitär ze kleng oder guer kee Mann ass? Froen iwwer Froen: Originalfassung C4
Zu dëse Stécker gëtt et Koffere mat Kostümer.
No 3 Dem Kinnek säi Bësch
Bësch - Naturschutz - Mëttelalter - Ritter - Buergen - Populismus
Wat geschitt wann ee "populistesche Kinnek" et all Mënsch wëllt gerecht maachen? Ganz einfach d'Natur, an an dësem Fall de Bësch, leid dorënner.
Dëst Stéck ass éischter fir den C4 a 7ème geduecht, et hunn iewer och schonns C3 et probéiert, an et gëtt do och eng liicht gekiirzte Versioun.
Originalfassung C4
Och e Koffer mat Kostümer an eng Rei Bühnendekoratiounen gëtt et zum Stéck.
No 4 Eng Nuecht am Supermarché
Gesond Ernährung - Konkurrenz - Humouer
Den Text gëtt et an zwou Haaptversiounen: eng Kéier spillen d'Liewensmëttel selwer lieweg Liewensmëttel, meng Lieblingsversioun, an eng Kéier spille Leit normal Versioun.
Dës Versioune kënne vum C3 a vum C4 gespillt ginn.
Et gëtt iewer och eng Versioun fir den C2: Versioun C2.
E Koffer mat Kostümer besteet.
No 5 Hey Joe
Mobbing - Solidaritéit - Frëndschaft - Schoulausflug
Dëst Thema gëtt et an enger Versioun fir den 2. Zikel an hei spillen d'Märercher eng wichteg Roll.
Knallhaart gëtt den Thema Mobbing am Zikel 3 als Schattentheater behandelt. Hei kënnt Dir Iech eng Schattentheaterleinwand ausléinen.
An der Versioun fir de 4. Zikel fiert eng Schoulklass an d'Schoulkolonie an dobei kënnt et zu engem Mobbing-Virfall.
No 6 I ballone luminosi
Zirkus - Krimi - Frëndschaft - Famill
Bei dësem Stéck kënnt Zirkusatmosfär op. Et sollt een och dat néidegt Material hunn.
Et gëtt eng Versioun fir den 2. Zikel, wou een Zirkuskënschtler virun eng ganz grouss Entscheedung gestallt gëtt.
D'Versioun dir den 3. a 4. Zikel ass e regelrechte spannende Krimi, dien am Zirkuszelt spillt.
No 7 Imagine
Zäitreesen - Politikmodeller - Demokratie - Monarchie - Geschicht
Um John Lennon sengem wonnerbare Lidd ass sech hei inspiréiert ginn. Dëst Stéck ass fir de 4. Zikel.
E Grupp K anner wëllt emol wëssen, ob fréier wierklech alles besser wor, esou wéi ëmmer gesot gëtt.
Si reese bei d'Réimer, an d'Mëttelalter, bei de Louis XIV...
Mee besser ass et net wierklech... a wéi soll et an der Zukunft sinn?
D'Stéck beschäftegt sech och mat Populismus an Nationalismus.
Et gëtt ee Koffer mat Kostümer zum Stéck.
No 8 Le Gigot de Richelieu
Restaurant - Konkurrenzdenken - Humouer - Aarbechtswelt
Hei d' Originalversioun vum "Le Gigot de Richelieu" fir den 3. a 4. Zikel.
Et gëtt ënnerschiddlech Versiounen mat ënnerschiddleche Rollenzuelen.
Ausserdeem gëtt et e klenge Koffer mat Kostümer.
No 9 Rett eis Äerd!
Weltraum - Astronauten - Geräischer - Rakéit
Dëst ass eent vu mengen alleréischte Stécker (ca 1994).
Et gëtt et an enger Versioun dir den 3. a 4. Zikel an an enger Versioun fir den 2. Zikel.
Ganz besonnesch flott ass et, wann d'Kanner selwer probéieren, déi vill Geräischer ze maachen.
No 10 Wat ass lass am Zirkus Bellibimbam
Zikel 1 - Zirkus - Danz - Gesang - Flexibilitéit
Dëst ass ee Stéck extra fir den 1. Zikel: Zirkus Bellibimbam!
Et ass komplett flexibel, all d'Szene loossen sech austauschen, ersetzen, ewegloossen oder änneren,
esou wéi et mat de Kanner am beschte passt.
D'Kanner mussen och net all d'Zirkusaktivitéite beherrschen... se kënnen se iewer ;-) !
No 11 Dem Julia seng Wallis
Bicher - Bicherhelden - Verwiesslungen - Gare
Dem Julia seng Wallis ass een tipescht Verwiesslungsstéck: jidderee sicht no jidderengem... an no der Wallis.
Vill Bicherhelde komme vir: Romeo, Juliette, Lucky Luke, Harry Potter, Max a Moritz, d'Panzerknacker, Hänsel a Gretel, Huckleberry Finn, ...
also e richtegt d'Stéck, dat d'Bicher an d'Schoulbibliothéik an de Mëttelpunkt stellt.
Dobei ass fir vill Laache gesuegt.......... Zikel 3 a 4.
No 12 Chaos an der Bibliothéik
Bicher - Bicherhelden - Rollebiller - Liesen
Fir den 3. a 4. Zikel, oder als roude-Fuedem-Stéck fir d'ganz Schoul, ass dëst lëschtegt Stéck,
an diem sech alles ëm d'Schoulbibliothéik dréint, ganz gutt geeegent.
D'Bicherhelden wéi de Grüffello, de Wollef oder och d'Raup Nimmersatt hu keng Loscht méi esou ze sinn, wéi se an de Bicher sinn,
an esou entsteet ee Chaos an der Bibliothéik.
Si wëlle sech weiderentwécklen an och emol anescht sinn. Loosse mir Lieser dat zou?
Dëst Stéck ass an Zesummenaarbecht mat der Schoul Préizerdall geschriwwe ginn.
No 13 Artistokratie
Politescht Stéck - Krich - Flüchtlingen - Demokratie
Si mir, just wëll mir hei gebuer sinn, déi besser Mënschen? Aristokratie - Artistokratie?
Wéi kënne mir mat Leit ëmgoen, déi virum Krich fortlafen?
Hu mir eng Verantwortung fir si? Wéi gi mir mat Leit ëm, déi d'Flüchtlinge verdäiwelen?
Vill Froen an dësem Stéck fir de 4. Zikel, leider ganz aktuell.
A jo, wéi fonktionéiere demokratesch Wahlen a wat si Fake News?
No 14 Ooh
Gefiller - Empathie - Faarwen - Integratioun
Fir de 4. Zikel, oder als roude-Fuedem-Stéck fir d'ganz Schoul, ass dëst lëschtegt Stéck,
an diem sech alles ëm d'Gefiller dréint, ganz gutt geeegent: Ooh!
Dëst Stéck ass an Zesummenaarbecht mat der Schoul Esch/Brouch geschriwwe ginn.
No 15 SOS Bowurm
Bicher - Fantasie - Flexibilität
Fir de 4. Zikel, oder als roude-Fuedem-Stéck fir d'ganz Schoul, ass dëst lëschtegt Stéck, an däitscher Sprooch,
an diem sech alles ëm d'Bicher dréint, ganz gutt geeegent: SOS Bowurm.
Dëst Stéck ass an Zesummenaarbecht mat der Schoul Bouneweg/Verger geschriwwe ginn.
No 16 Avibemama
Nei Technologien - verschidden eegen Agendaen - Innovatioun
Déi nei Technologie schingen net fir jiddereen ze sinn: Avibemama, e modernt, lëschtegt Stéck iwwer déi,
déi wëllen eppes maachen an déi, déi wëllen eppes verhënneren.
Innovatioun versus Status quo, Erfinder a Bremser, esou wéi et am richtege Liewen och ass.
Fir de 4. Zikel ........ an dir braucht am Hannergrond eng richteg cool Maschinn!
Dëst Stéck ass an Zesummenaarbecht mat der Schoul Wëlwerwoltz an dem Nortic geschriwwe ginn.
No 17 Happy Birthday Mr Grimm
Märercher - Flexibilitéit - Bicher a Geschichten
Fir de 4. Zikel, oder als roude-Fuedem-Stéck fir d'ganz Schoul, ass dëst lëschtegt Stéck,
an diem sech alles ëm d'Märercher dréint, ganz gutt geeegent: Happy Birthday Mr Grimm.
Dëst Stéck ass an Zesummenaarbecht mat der Schoul Groussbous geschriwwe ginn.
No 18 De Schatz aus dem Soeland
Soen - Traditiounen - Schatz
Fir de 4. Zikel, oder als roude-Fuedem-Stéck fir d'ganz Schoul, ass dëst lëschtegt Stéck,
an diem sech alles ëm d'Soen dréint, ganz gutt geeegent: De Schatz aus dem Soeland.
Dëst Stéck ass an Zesummenaarbecht mat der Schoul Elwen geschriwwe ginn.
No 19 Außer Rand und Band
Iwwerfloss - Flüchtlingen - Solidaritéit - Rolleclicheten
E lëschtegt Stéck iwwer dat, wat déi Leit denken, déi aus Afrika bei eis kommen...
a wat mir iwwer si denken, schonn 2006 geschriwwen, mee ëmmer nach aktuell: Außer Rand und Band.
Fir den 3.a fir de 4. Zikel op däitsch a mat enger Schattentheaterszeen. Do kënnt Dir d'Schattentheaterleinwand ausléinen.
No 20 Bei der Däiwel
Himmel an Hell - Verhalensmusteren - Soen - Angscht
Géi dach bei der Däiwel hu sech e Däiwelen aus der Hell gesot a si si bei d'Mënsche gereest komm.
Dat dat eng komesch Reess a guer net einfach ass, läit op der Hand. Mee loosse mer der Däiwel net un d'Mauer molen!
E lëschtegt an usprochvollt Stéck fir de 4. Zikel, evtl och mat Musik.
No 21 Den Dramdänzer
Wënsch - Selbstvertrauen - Erfinder - Fantasie
Och engem Erfinder geléngt net ëmmer alles an da brauch en d'Hëllef vun engem Dramdänzer.
Ee knallegt Stéck fir de 4. Zikel dat vill zwëschemënschlech Bezéiungen opgräift a se op eng iwwerraschend Mannéier duerstellt.
Wann Dir wëllt och mat Musik.
No 22 Fusion
Integratioun - sozial Herkunft - Prekariat - Frëndschaft
Fusion ass fir d'UGDA a m Kulturjoer 2007 geschriwwe ginn, an huet deemno ganz vill Musik.
D'Musik zum Stéck gëtt op CD, déi ee bei der UDGA bestelle kann.
D'Stéck ass fir Jugendlecher an Erwuessener.
No 23 Dem Kinnek säi Gaart
Ëmwelt - Spillleit - Viruerdeeler - Kompetenz
Dem Kinnek säi Gaart ass wahrscheinlech mäin éischt laangt Stéck fir den 3. a 4. Zikel.
Et fënd een den Text zum Deel a mengem Kannerbuch "Dem Kinnek säi Gaart".
Et gëtt och Musik fir dem Kinnek säi Gaart
No 24 Iwwer der Leeder
Gender - Konscht - Miro - Wënsch a Fantasie
Ee wonnerbaart a laangt Stéck fir de 4. Zikel, mat vill Aktioun a groussen Themen: Iwwer der Leeder
Wat muss een alles maachen, wann ee seng Wënsch wëllt erfëllen.
D'Grondlaach vum Stéck ass dem Miro seng Konscht an et gëtt dëst Theaterstéck och a mengem Kannerbuch "Iwwer der Leeder".
No 25 Eng Foto vum Klëppelkrich
Geschicht - Sënnlosegkeet vum Krich - sënnlos Wetten
Eng Foto vum Klëppelkrich e Stéck fir de 4. Zikel mat diem 1998 d'Grondschoulen den 200er Gebuertsdag vum Klëppelkrich begaangen hunn.
Et huet sech an eng Rei Feierlechkeete vun Islek ouni Grenzen agereit déi versicht hunn d'Bild vum Klëppelkrich manner nationalistesch ze maachen.
Den Text vum Stéck ass a mengem éischten Kannerroman "Eng Foto vum (Klëppel)Krich" erschingen, dat och de sougenannten "Yugoslawiekrich" an d'Flüchtlingen aus de Balkanlänner zum Thema hat.
No 26 Mat engem Laachen op de Lëpsen
Humouer - Verbassenheet - Frëndschaft - Distanz zu sech selwer
Wa Leit déi wëllen ee Film dréinen an engem Theaterstéck landen, da weess een net méi wat real a wat gespillt ass.
Ëm dës theatral Disdanz geet et (och) an dësem lëschtege Stéck
fir de 4. Zikel: Mat engem Laachen op de Lëpsen.
No 27 Love is ...
Konscht - Léift - Frëndschft - Näid
Déi grouss Themen an dësem Stéck fir de 4. Zikel: Love is ...
D'Geschicht vun engem Renaissance-Moler dien zwëschen d'Mille vun der Muecht kënnt,
an et ass just nach déi ganz grouss Léift, déi e rette kann.
No 28 Little Shakespeare Konkurrenz - Frëndschaft - Theater Little Shakespeare spillt an enger Theaterschoul, wou et groussen Drock gëtt a wou een diem anren säin Däiwel ass.
Do kann et da séier geschéien, datt een oder eent ënnert d'Rieder kënnt...
Wéi och am richtege Liewen hëllefen do just Offenheet a Frëndschaft.
No 29 Melusina Pandora
Soen - Gier - Tabu - Im-Materiellt
Dëst Stéck kann een vum 3. Zikel u mat Kanner spillen. Melusina Pandora beséiert op zwou Soen:
der algriechescher Pandora-So an der Lëtzebuerger Melusina-So.
Wéi kann ech eppes widderstoen, wann ech weess, datt et net gutt fir mech ass: déi grouss Theme vun der Versuchung a vun der Sucht.
No 30 Memory
Geschicht - 2. Weltkrich - Verantwortung
Dëst Stéck gouf geschriwwen, fir mat der ganzer Schoulgemeinschaft un den 2. Weltkrich ze erënneren: Memory
An dësem Stéck spillen Erwuessener zesumme mat Kanner, Léierpersounen zesumme mat Elteren a Gemengeleit.
Wann ee just wëllt mat Kanner spillen, da bitt sech den 3. an de 4. Zikel un.
No 31 Am Land wou de Peffer wiisst
Inklusioun - Integratioun - Anëschtsinn
Wa mir all déi Leit, déi anescht si wéi mir selwer gingen An d'Land wou de Peffer wiisst schécken,
da wir et hei bei eis net méi flott an interessant a lëschteg. Dëst ass d'Thema vun dësem coole Stéck, dat sech schonns 2003 mat der Inklusioun beschäftegt huet.
Mir schaffen all zesummen un dier selwechter Saach, jiddereen esou gutt wéi e kann an op seng Aart a Weis.
No 32 Kinnek ouni Kroun
Geschicht - Mëttelalter - Ëmgang mat Angscht
Wat ass aus dem Kinnek Schokobolski vu Blëtzhausen ginn?
An dësem lëschtege Mëttelalterstéck Kinnek ouni Kroun gesi mir, wéi ee ganz einfache Mënsch seng Angscht iwwerwanne kann,
an esou "Held fir een Dag" gëtt. Fir de 4. Zikel.
No 33 De Spillmann
Fabel - Hëllef a Solidaritéit - Viruerdeeler
Dëst ass dat éischt Theaterstéck, dat ech fir Kanner geschriwwen hunn an 1995 och selwer mat hinnen opgefouert hunn.
De Spillmann baséiert op der Fabel vun der Grill an der Seejomes.
D'Fro gëtt gestallt, firwat d'Seejomes der Grill net soll hëllefen, eng Fro, déi op all Kulturassise gestallt gëtt...
Fir den 3. a 4. Zikel.
No 34 Spring auf!
Poppentheater - Famill - Vertrauen - Courage
Spring auf! war 2004 eent vun de Stécker am éischten a leider och eenzegen Kannertheater-Festival vum nämmlechte Numm am Parc Housen.
Et geet ëm een ale Poppespiller, dien op der Sich no engem Nofolger ass.
E Stéck fir de 4. Zikel op Däitsch.
No 35 Op der Sich no der verluerener Zäit
Zäitreess - Geschicht - Computeren
Op der Sich no der verluerener Zäit ass ee klengt Stéck fir Kanner aus dem 2., 3. a 4. Zikel, dat an engem Atelier zesumme mat den Acteuren entstan ass.
Wat kënne mir aus der Geschicht léieren?
Léiere mir iwwerhaapt eppes aus der Geschicht, a wat musse mir maachen, fir eppes ze léieren?
Mat Danz, Pantomime an Zirkus... wann een dat wëllt.


All Kand soll seng Roll fannen.
Keent muss de Bam spillen.
Dofir ass an dëse Stécker ëmmer eng grouss Offer: Spriechtheater, Danz, Musik, Pantomime, Zirkus...


Et kommen ëmmer nach Stécker no... luusst roueg méi dacks eran!